Invité vum Daga Agence Immobilière Sociale: "Et ass schwéier eist Zil ze erfëllen"

Weinst den héije Wunnengspraisser, kritt d'Agence Immobilière sociale et ëmmer méi schwéier hir Missioun ze erfëllen, sou den Direkter vun der AIS, de Gilles Hempel. D'Zil vu senger Agence ass et am Fong Leit, déi sozial a finanziell Schwieregkeeten hunn ze encadréieren, bis se Uschloss um reguläre Wunnengsmarché fannen. Dat géif wéinst den héije Präisser awer ëmmer méi schwiereg ginn, esou de Gilles Hempel. A sengen Ae missten däitlech méi Sozialwunnenge gebaut gi fir de Problem ze léisen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Gilles Hempel
Foto: Archiv

An anere Länner géif de soziale Wunnengsbau bis zu 30 Prozent ausmaachen, zu Lëtzebuerg wieren dat - wat de Locatif ubelaangt - knapps zwee Prozent.

"Also do gesäit een einfach, datt dat net duergeet, an datt dat massiv muss opgestockt ginn."

Nieft dem Bau vun eegene Sozialwunnengen, dierft de Staat och net zécke fir de Marché méi staark ze reguléieren: Eng Deckelung vun de Terrains- a de Loyerspräisser dierft deemno keen Tabu sinn, esou de Gilles Hempel.

Méi Sozialwunnenge bauen an der manner verkafen

Bei der Agence Immobilière Sociale gëtt et am Moment eng Waardelëscht vu ronn 1.000 Leit, déi eng Sozialwunneng wëlle kréien. D'Leit géifen och ëmmer méi laang an de Wunnenge vun der AIS bleiwen.

"Leit, déi u sech hire Projet ofgeschloss hunn, déi Aarbecht fonnt hunn, déi Formatioune gemaach hunn, déi hir Scholden zréckbezuelt hunn, déi u sech och elo guer keen Accompagnement an dem Sënn géife brauchen, déi kommen net fort, einfach well um normale Marché keng adequat Wunnengen do sinn."

De Gilles Hempel fuedert dofir, datt de Staat méi Sozialwunnenge baut, an datt déi Wunnengen dann och op Dauer an ëffentlecher Hand bleiwen. Am Moment géifen déi staatlech Acteuren ze vill abordabel Wunnenge verkafen, esou den AIS-Direkter.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Jacques Rommes Meenung
Fräie Mikro

De Wunnengsbauminister versprécht "abordabel" Wunnengen ze schafen. Déi Demonstranten, déi dofir op d'Strooss ginn, sollen da wuel mengen, si wiere bei deene Glécklechen, déi esou eng fannen. De Jean-Jacques Rommes zweiwelt dorun.

Henri Kox Riicht Eraus
Logementspolitik

De Logementsminister Henri Kox wëll dofir suergen, datt d'ëffentlech Hand méi abordabel Wunnenge kann zur Verfügung stellen. Steierlech Avantagë fir privat Immobilieninvestisseure solle reduzéiert ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen