Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2021 goufen zu Lëtzebuerg bal 900.000 autoriséiert Parkplaze fir Autoe gezielt

National Parkraumstrategie

2021 goufen zu Lëtzebuerg bal 900.000 autoriséiert Parkplaze fir Autoe gezielt

2021 goufen zu Lëtzebuerg bal 900.000 autoriséiert Parkplaze fir Autoe gezielt. Déi Zuele ginn aus der nationaler Parkraum-Strategie ervir déi de Mobilitéitsministere haut presentéiert huet. Mat der neier Parkraum-Strategie well sech de Mobilitéitsministere en Iwwerbléck iwwer d'Parkplaze-Situatioun am Grand-Duché verschafen a Recommandatioune maache fir, datt déi verfügbar Parkplazen méi effikass genotzt ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Adobe Stock

Lauschterenplay_arrow


Fir déi national Parkraum-Strategie ass wärend véier Joer eng Bestandsopnam gemaach ginn. Dofir wieren Dausende Parkplaze gezielt a Ronn 80 Organisatiounen zu Lëtzebuerg interviewt ginn, erkläert de grénge Vize-Premier François Bausch. Domat wéilt een de Gemengen déi néideg Fakten an Instrumenter an de Grapp gi fir d 'Parke méi effikass ze gestalten.

"Als kleng Gemeng, déi seet ech wëll eppes änneren, da kann se hei kucke goen : "Wat ass da fir mech adaptéiert?" Par contre, wa se dat net huet, da muss se schonn direkt rëm iergendeen Etudë-Büro huelen, dee se selwer bezilt a manner Moyenen huet fir dat ze maachen. Dofir gesinn ech mäi Rôle hei dran, fir ze weise wéi et ass an ze soen : "Hei huet dir all d'Instrumenter zur Verfügung, dir musst se just notzen."

Et kënnt op Durée vum Parken un

D'Bestandsopnam weist zum Beispill, datt an der Stad Lëtzebuerg an Esch an der Moyenne de ganzen Dag eng 20-30 Prozent vun den ëffentleche Parkplazen net beluecht sinn. An de Stadkäre gëtt et Enkpäss beim Parken. Dem Mobilitéitsminister no wier déi eigentlech Fro net ob et ze vill oder ze wéineg Parkplaze fir Autoe ginn, wourop et ukënnt wier d'Durée vum Parken.

Ee Gefier dat eng länger Zäit géif parken, géif eng bis dräi Dose vun anere Leit déi kuerz eppes wéilte verbréngen, Parkplazen ewech. Dofir wier et wichteg beim Laangzäit-Parken eng Verbesserung ze kréien. An de Stadkäre wéilt de Ministère och eppes fir de Commerce maachen.

D'Strategie gëtt un all d'Gemenge verschéckt a kann och iwwer d 'Websäit parken.lu consultéiert ginn.