arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2020 an Éisträich

Réckbléck

|
reading time

3 min

2020 an Éisträich

Éischt Well mat Lockdown, Lockerungen am Summer, dunn eng zweet Well am Hierscht mat zweetem an drëtte Lockdown. Wéi an esou ville Länner huet d'Corona-Pandemie och an Éisträich den Takt am vergaangene Joer uginn. 2020 war awer och dat éischt Amtsjoer vun enger neier Koalitioun zu Wien. Eng Koalitioun, déi direkt e puermol op d'Prouf gestallt gouf.

reading time

3 min

D'Joer huet an Éisträich mat enger neier Regierung ugefaangen: direkt den 1. Januar gouf gemellt, datt sech déi konservativ ÖVP an déi Gréng op e Koalitiounsaccord gëeenegt hunn. Fir déi Gréng ass et déi éischte Kéier an enger Regierung zu Wien.

Éischt Spuere vum Coronavirus

Dem neie grénge Gesondheetsminister Anschober sollt net vill Zäit bleiwe fir sech a säin Amt anzeschaffen. Enn Februar ginn déi éischt Fäll vum deemools nach neie Coronavirus an Éisträich detektéiert. Kuerz drop entsteet an der Schi-Uertschaft Ischgl ee vun de bekanntste Corona-Clusteren vun Europa. Dat wéinst enger Rei Feeler vun den Autoritéiten, wéi eng Expertekommissioun spéider festhält.

Mëtt Mäerz ass et dann esou wäit: deen éischte Lockdown kënnt. Butteker, Restauranten a kulturell Institutioune mussen zoumaachen. Eréischt Mëtt Abrëll kommen déi éischt Lockerungen.

No hefteger Kritik un der Krisepolitik fir d'Kulturzeen, trëtt am Mee déi gréng Kulturstaatssekretärin Ulrike Lunacek zeréck. Hir Partei verléiert domat eng vun hire bekanntste Politikerinnen.

D'Fro vun der Solidaritéit

Fir d'Ekonomie am an nom Shutdown ze stäipe ginn och op europäeschem Plang finanziell Hëllefe néideg. Éisträich gëtt heibäi bekannt als ee vun de sougenannten "frugal four". Si fuerderen, datt d'Hëllefen net a Form vu Subsiden, mee a Form vu Kreditter ausbezuelt ginn.

Dës Fro vun europäescher Solidaritéit huet innerhalb vun der Koalitioun zu Wien net fir allze vill Sträit gesuergt, och wann déi Gréng sécherlech eng aner Positioun vertrueden hunn, wei déi konservativ ÖVP.

Anescht dunn am September: no engem Brand am Flüchtlingslager Moria a Griichenland fuerderen déi Gréng, datt Éisträich en Deel vun de Betraffenen ophellt, bäissen domat awer bei hirem Koalitiounspartner op Granit. Un der haarder Positioun vum Sebastian Kurz huet sech och bis zum Enn vum Joer näischt geännert.

Den zweeten an drëtte Lockdown

Am Hierscht gëtt den zweete Lockdown ugekënnegt. Den 2. November profitéiere vill Leit fir nach eng leschte Kéier a Caféen a Restauranten ze goen, wéi am Zentrum vu Wien e jonke Mann mat radikal-islamisteschem Hannergrond ufänkt op d'Mënschen ze schéissen. Véier Leit kommen ëm d'Liewen, den Täter gëtt vun der Police erschoss.

D'Fro op dës Attack hätt kenne verhënnert ginn an d'Sich no Komplizen dominéieren eng Zäit laang d'Noriichten an Éisträich, bis um Enn vum Joer nees de Coronavirus an d'Schifueren an de Fokus geroden. D'Entscheedung, zwee Deeg éier de Gros vun der Ekonomie an en drëtte Lockdown geschéckt gëtt, d'Schigebidder nees opzemaachen, suergt hei fir eng viraussiichtlech lescht Kontrovers am Joer 2020.