Omega 90 "No der Kris muss vill Trauerbewältegung gemaach ginn"

Palliativ Fleeg an Traueraarbecht sinn d'Haaptaktivitéite vun der Associatioun Omega 90. An dat zënter 30 Joer. Fir d'Trauerbewältegung no engem Stierffall gëtt et eng grouss Demande an no der Coronakris weisen d'Demanden nach no uewen.

Sophie Morang / cz

Diane DHUR
Diane Dhur, Presidentin vun Omega 90 (Archivphoto)

Lauschteren


Um Héichpunkt vun der Coronakris am Fréijoer ware vill Leit onglécklech datt se e Familljemember, deen an enger Institutioun um Stierwe louch, net begleede konnten, seet d'Diane Dhur vun Omega 90. Vill Leit hätte sech do mat der Associatioun a Kontakt gesat, fir en oppent Ouer ze fannen. "Mir hunn an de leschte Wochen eng Augmentatioun vun Demanden op Hëllef bei der Trauerbewältegung kritt", seet d'Diane Dhur. Andeems d'Leit hier Verstuerwen net konnte begleeden, géif hinnen e Stéck an hirer Trauerveraarbechtung feelen, dat misst elo opgeschafft ginn.

Doheem stierwen

D'Associatioun weist an hirem Joresrapport 2019 drop hin, datt vill Leit doheem wéilte stierwen, wat awer dacks net méiglech wier. Dat aus diverse materielle Grënn, oder och, well d'Familljemembere sech mat där Situatioun iwwerfuerdert spieren. Do misst een dru schaffen, seet d'Diane Dhur.

Trauerwaliss fir Kanner

D'Associatioun huet d'lescht Joer de Projet vun der Trauerwallis fir Kanner lancéiert. Heimat gi si zum Beispill a Schoulen. "D'Kanner ginn hei altersgerecht geleiert hier Trauer ze verschaffen", seet d'Diane Dhur.

D'Associatioun huet d'lescht Joer 4.150 Berodungsstonnen an der Traueraarbecht gemaach. Ronn 70 Benevollen hu sech un dëser Aarbecht bedeelegt.

Méi zum Thema

Illustratioun Agressioun Confinement Home Office
Aggressiounen a Roserei an der Isolatioun

De Confinement huet villes geännert. A ville Fäll huet dat och psychologesch Konsequenze mat sech bruecht. An engem rezent publizéierte Buch geet et ënner anerem ëm Aggressiounen a Roserei an der Isolatioun.

Dr. Jean-Marc Cloos
Corona-Kris

Vill Leit, och Kanner a Jugendlecher, leide psychesch ënner där aktueller Situatioun vum Confinement, seet den Dr. Jean-Marc Cloos. Hien hofft, datt bei der Ouverture vun de Schoulen alles richteg gemaach gëtt.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen