Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Verschidde Situatioune sinn net ze geréieren"

De Stroossenzoustand no den Iwwerschwemmungen

"Verschidde Situatioune sinn net ze geréieren"

E puer Wochen no den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall si verschidde Stroossen nach ëmmer gespaart: d'Aarbechte lafen op Héichdrock. D'Héichwaasser op der Diddelenger Autobunn Ufank der Woch war do méi einfach ze geréieren - seet de Paul Mangen vu Ponts et Chausées.

auto_stories

2 min

E Méindeg sinn impressionnant Biller vun der Diddelenger Autobunn zirkuléiert: do stoung esou vill Waasser, datt d'Autobunn huet misse gespaart ginn. "Déi Situatioun ass net ze vergläiche mat där, déi virun zwou Wochen am Mëllerdall entstanen ass" - seet de Paul Mangen, Directeur adjoint vu Ponts et Chaussées. De Mëllerdall ass en Héichplateau, deen duerch Däller zerschnidde gëtt, explizéiert de Paul Mangen. A kuerzer Zäit sinn 100 Liter op de Meter Carré gefall - do géife Waassermassen entstoen, déi an där Landschaft net ze geréiere sinn.

Eng Partie Stroossen am Mëllerdall bleiwen aktuell gespaart. De Paul Mangen seet, et wier eng komplizéiert Situatioun, well Stroossen an enger Hanglag ewech gespullt goufen. Elo géif ee klären, wou d'Waasser hierkoum a wéi déi Stroossen nei kennen opgebaut ginn. An dat esou, datt se stabil sinn, mee der Landschaft am Mëllerdall ëmmer nach gerecht ginn.

Dat villt Waasser op der Diddelenger Autobunn hätt par konter kee gréissere Schued gemaach. Wuel wieren d'Grief an d'Réier voll Bulli. Dat misst gebotzt a mat Schlaken nei opgefëllt ginn, seet de Paul Mangen - hei wier awer näischt gerutscht.

Ëmdenke beim Stroossebau?

Bei der Planung vun neien Tracé ginn elo ëmmer Réckhaltebecke mat virgesinn, seet de Paul Mangen. Dës solle schlëmm Iwwerschwemmunge verhënneren. Porösen Asphalt wier keng Léisung. Do géif de Reen just an de Bëtong lafen an net derlaanscht - finalement géif en op der Säit erauskommen. "D'Surface ännert jo net", esou de Paul Mangen.