Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pierre Gramegna: Stock Options wéinst Brexit net ofschafen

Staatsbudget 2018

Pierre Gramegna: Stock Options wéinst Brexit net ofschafen

De Pierre Gramegna ass dogéint, fir d'Instrument vun de Stock Options séier ofzeschafen: dat huet de Finanz- a Budgetsminister am Interview um radio 100,7 däitlech gemaach. Fir elo scho méi eng grouss Reform vun de Stock Options ze maachen, hätt een net genuch Donnéeën: déi sollen eréischt am éischte Semester 2018 do sinn.

auto_stories

3 min

Pierre Gramegna (DP)

D'Stock Options géifen d'Wirtschaft attraktiv maachen, fir Talenter op Lëtzebuerg ze kréien. Och am Kontext vum geplangte Brexit wier dëst Instrument néideg hei am Grand-Duché, esou de Minister. "Mir hunn elo an de leschten zwielef Méint d'Noriicht kritt, datt eng hallef Dosen Assurancë vu London sech zu Lëtzebuerg opstellen, datt Fund Manager heihinner kommen, datt sech och am Fintech-Beräich vill deet. Mir kënnen net dat begréissen, an dann esou een Instrument - wat et och zu London an op villen anere Plazen an Europa gëtt - einfach ofschafen."

Mam Instrument vun de Stock Options hunn Entreprisen d'Méiglechkeet, fir hir Mataarbechter zum Deel a Form vun Optiounen op Aktien ze bezuelen, wat steierlech Avantagë mat sech bréngt: Eng Mesure fir Spëtzeverdénger. D'Regierung plangt fir de Besteierungs-Taux vun elo 13 op 21 Prozent eropzesetzen, war beim Depot vum Projet fir de Staatsbudget 2018 annoncéiert ginn. De Minister hat am Juni hei op der Antenne gesot, datt mat de Stock Options Abuse geschitt wieren.

Erweiderung vun der Steierbonifikatioun fir Betriber

Déi geplangte Bonifikatioun fir Betriber, déi héich Investissementer fir Computer-Programme maachen, wier dem Minister no fir kléng, mëttel a grouss Entreprisë geduecht. De Pierre Gramegna huet confirméiert, datt och d'Bankeplaz "ganz bestëmmt" vum geplangte Changement bei der Bonification d'impôt wäert kënne profitéieren. De Minister schwätzt vun enger "Moderniséierung vun dëser Bonifikatioun, dat am Kontext vun der Digitaliséierung vun der Wirtschaft.

Emprunt vu bis zu enger Milliard Euro

D'Regierung freet d'Chamber fir 2018 bis zu eng Milliard Euro kënne léinen ze goen: et wier Traditioun, datt een eng Zomm vun Emprunt virgeséich, esou de Finanz- a Budgetsminister Pierre Gramegna um radio 100,7. D'Regierung plangt fir d'nächst Joer alles an allem 2,4 Milliarden Euro z'investéieren. Ob een déi eng Milliard muss léinen, géif ganz vun der Situatioun um Enn vun dësem Joer ofhänken. De Pierre Gramegna rechent elo schonn domat, datt den Defizit fir 2017 manner héich wäert ausfalen, wéi virgesinn.

Reaktioun op Oppositiouns-Kritik

Dës Regierung hätt 2013 eng Budgetssituatioun geierft, mat där Lëtzebuerg déi europäesch Reegelen net méi respektéiert hätt, huet de Pierre Gramegna am 100,7-Interview widderholl. "Mir waren um Wee fir riicht an d'Mauer", esou de Finanz- a Budgetsminister (DP). Wat elo op den Dësch geluecht gi wier, géif vun A bis Z komplett déi Bréisseler Critèrë respektéieren. Donieft hätt d'Regierung Reserven ugeluecht. E Budget 2018 ouni Defizit am Zentralstaat hätt 890 Milliounen Euro manner Investissementer bedeit.

D'CSV-Fraktioun hat nom Budgets-Depot kritiséiert, datt et 2018 trotz engem héije Wirtschafts-Wuesstem bei engem Defizit beim Zentralstaat bleift.

Budgetsprojet fir 2018

De Finanz- a Budgetsminister rechent fir 2018 mat ronn 890 Milliounen Euro méi Depensë wéi Recettë beim Zentralstaat. Beim Gesamtstaat - also den Zentralstaat zesumme mat de Gemengen an der Securité sociale - soll et d'nächst Joer een Iwwerschoss vun 333 Milliounen Euro oder 0,6 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung ginn. Esou ass et am Projet fir de Staatsbudget 2018 virgesinn: e Projet, deen de Pierre Gramegna e Mëttwoch an der Chamber deposéiert an explizéiert hat.