Dëst Urteel huet massiv Protester a Polen an an anere Länner ausgeléist. Hei zu Lëtzebuerg hat d'Izabela Milewska d'Protester bei der polnescher Ambassade mat organiséiert. Si seet Polen hätt vun der Corona-Pandemie profitéiert fir déi Verschäerfung vum Ofdreiwungs-Recht duerch d'Hannerdier anzeféieren. Et wier wichteg, esou vill wéi méiglech dogéint ze protestéieren:
"Et ass virun allem eng Saach vu Choix. Als Biergerin hätt ech gären d'Recht ze decidéieren, wat ech an esou enger dramatescher Situatioun wéi bei enger eventueller Ofdreiwung wëll maachen. Ech muss de Choix hu fir iwwer mäin eegene Kierper ze decidéieren. Dat ass e fundamentaalt demokratescht Recht, dat fir all Mënsch muss garantéiert sinn."
Esou wäit d'Izabela Milewska iwwer de Protest haut bei der polnescher Ambassade géint dat verschäerften Ofdreiwungs-Recht a Polen.