Impfcampagne 200 Cabineten hu sech fir Impfunge gemellt

69 Prozent vun de Leit iwwer 12 Joer hei am Land si Stand haut op d'mannst eemol géint de Coronavirus geimpft, seet den Haut-Commissaire à la Protection nationale, dee fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne zoustänneg ass. De Luc Feller huet och matgedeelt, datt véier vun de sechs Impfzenteren - nämlech Munneref, Ettelbréck, d'Luxexpo an d'Air rescue - Mëtt August zougemaach ginn.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Luc Feller
De Luc Feller ass Haut-Commissaire à la Protection nationale an zoustänneg fir d'Impfcampagne. Foto: Archiv

De 14. August solle Munneref, Ettelbréck an d'Luxexpo zou goen, eng Woch drop wäert den Impfzenter um Findel zoumaachen. Just Esch an de Lampertsbierg bleiwen dann nach op.

Dofir gëtt dann awer och an d'Dokteschpraxisse geimpft: 200 Cabineten hätte bis ewell hir Bereetschaft signaliséiert, fir do matzemaachen, sou de Luc Feller. Hie wier iwwerzeegt, dass weiderer nokéimen.

Kräizimpfung: Delai bleift bestoen

Leit, déi eng éischt Dosis AstraZeneca kruten, kënne jo zanter dem leschte Freideg fir eng Kräizimpfung optéieren, also déi 2. Dosis AstraZeneca duerch en mRNA-Impfstoff ersetzen. 57 Prozent vun deenen, déi a Fro koumen, hätten dat bis elo gemaach, sot de Luc Feller.

Wat den Delai tëscht éischter an zweeter Impfung ubelaangt, ännert awer näischt. De Conseil supérieur des maladies infectieuses huet a sengem Avis gesot, datt déi zweet Dosis tëschent der véierter an der 12. Woch gemaach ka ginn, aktuell läit ee bei aacht Wochen, erkläert de Luc Feller.

"Dat heescht, mir halen deen Delai bäi, deen een och bei enger zweeter Dosis AstraZeneca hat. Ganz einfach, well mir vill vun deenen Dosissen, déi mer am Moment vu Pfizer a Moderna geliwwert kréien, datt mer déi fir déi zweet Impfung vun deene Leit brauchen, déi viru véier Woche mat Moderna oder Pfizer geimpft gi sinn."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

BioNTech/Pfizer-Impfstoff Exklusiv
Impfungen

Lëtzebuerg erméiglecht 100,7-Informatiounen no vu muer u Kräizimpfungen. No enger éischter Impfdosis mat AstraZeneca kann een also eng zweet Dosis mat Pfizer oder Moderna kréien, wann een dat wëll.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen