Déi dräi Regierungsparteien LSAP, DP an déi gréng, grad wéi déi véier aktuell Oppositiounsparteien an der Chamber CSV, ADR, Piratepartei an déi Lénk wäerten awer - ouni Iwwerraschung - mat all Kéier komplette Lëschten an deene véier Bezierk untrieden.
Och d'Partei Fokus vum fréieren CSV-President Frank Engel trëtt wéi ugekënnegt mat véier komplette Lëschten un. An och déi nei Beweegung Liberté - Fräiheet vum fréieren ADR-Politiker Roy Reding trëtt den 8. Oktober mat 60 Kandidaten un. Dat krute mir op Nofro hi confirméiert. Bis Mëttwoch Owend sechs Auer war Zäit, fir Lëschten ze deposéieren.
Déi kommunistesch Partei KPL presentéiert Kandidaten an dräi vun de véier Walbezierker: am Süden, am Zentrum an am Osten.
D'Partei Déi Konservativ huet Lëschten an zwee Bezierker deposéiert: am Süden an am Norden.
Déi pan-europäesch Partei VOLT trëtt bei de Chamberwalen 2023 mat enger kompletter Lëscht am Süden un a mat dräi Kandidaten am Osten un.
D'Lëschtenummere goufen zougeloust
Nei Parteien oder Gruppéierunge bei de Chamberwalen dëst Joer sinn also Fokus, Liberté - Fräiheet grad ewéi VOLT Lëtzebuerg.
Bei de Chamberwalen dëst Joer trieden am Ganze 649 Kandidaten un: dat ass bal ee Promill vun den Awunner.
An der Cité Judiciaire huet de President vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg Pierre Calmes um Donneschde Moien d'Lëschtennummere fir déi Parteie respektiv Gruppéierunge gezunn, fir déi virun de Gemengewalen dëst Joer nach keng Lëschtennummere gezu gi waren.
Dat heescht d'LSAP huet och bei de Chamberwalen d'Lëschtennummer 1, d'DP 2, déi gréng 3, d'CSV huet d'Lëschtennummer 4, déi Lénk d'Nummer 5, d'ADR 6, d'Piratepartei d'Nummer 7, an d'Partei Fokus huet och bei de Chamberwalen d'Lëschtennummer 9.
Volt Lëtzebuerg trëtt bei de Wale mat der Nummer 10 un, déi kommunistesch Partei mat der Lëschtennummer 11, d'Beweegung Liberté - Fräiheet mat der 12 an d'Partei Déi Konservativ huet d'Nummer 13 zougeloust kritt. D'Partei 'Mir d'Vollék', déi bei de Gemengewalen d'Lëschtennummer 8 hat, trëtt jo bei de Chamberwalen net un.
Sonja Holper op der Lëscht vu Liberté - Fräiheet
An op der Zentrumslëscht vun der Beweegung "Liberté - Fräiheet" vum Roy Reding trëtt och d'Sonja Holper un: bei de Chamberwale viru fënnef Joer war si mat der deemools neier Biergerlëscht "Demokratie" als Spëtzekandidatin am Zentrum ugetrueden. Bei dëser Initiativ gouf et virun de Chamberwalen 2018 ee Fiasko mat de Kandidatelëschten, well e puer Leit gesot haten, datt si géint hire Wëllen drop stoungen. Een ugekënnegt Zréckzéie vun de Kandidatelëschte war deemools net méi méiglech.
D'Sonja Holper schafft als Sales & Marketing Manager bei der amerikanescher Handelskammer hei zu Lëtzebuerg.