Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1.500 Joer Lëtzebuerger Sprooch?

Fräie Mikro

1.500 Joer Lëtzebuerger Sprooch?

Den ADR bedreift wéi aner europäesch rietspopulistesch Parteie systematesch Geschichtsfälschung fir seng auslännerfeindlech Iddien ze verbreeden - a kritt dofir nach eng Bün offréiert, fënnt den Denis Scuto. Dozou e Fräie Mikro vum Historiker.

auto_stories

4 min

Den Denis Scuto. Foto: Archiv

E fräie Mikro gëtt mir ëmmer nees d'Méiglechkeet, meng Verwonnerung auszedrécken. D'lescht Woch war ech nawell staark verwonnert iwwer de Panel vum RTL-Kloertext zur Lëtzebuerger Sprooch. Keen Historiker, kee Sproochwëssenschaftler dobäi. Dofir war awer en Dirigeant vun enger Partei, ADR fir se net ze nennen, agelueden, mee kee vun enger anerer Partei.

De Kloertext huet glécklecherweis gewisen, datt d'Lëtzebuerger Sprooch lieweg ass, e konstitutionelle Status kritt, politesch ënnerstëtzt a literaresch a wëssenschaftlech weiderentwéckelt gëtt. Eng Nationalsprooch, déi genee esou wéi déi typesch Lëtzebuerger Méisproochegkeet am konstante Wandel ass.

Verdréinung vu Fakte muss widderluecht ginn

Wouriwwer ech awer schockéiert sinn, ass datt hei enger Partei eleng eng Bün offréiert gouf, fir, niewent hirer gewinnter Ënnergangsrhetorik, Geschichtsfälschung ze bedreiwen, ouni Richtegstellung vun den Intervenante oder der Moderatrice.

D'Historiker sinn haut vill méi bescheide gi bei hire Recherchen zur Vergaangenheet. Si wëssen, datt mir net alles kënne wëssen, datt verschidden Interpretatioune méiglech sinn an ëmmer nees Neier elaboréiert ginn am Laf vun der Zäit. An trotzdeem, bei aller Virsiicht, etabléiert déi historesch Fuerschung endgülteg eng ganz Rei Fakten.

Wann en ADR-Politiker seet a schreift, d'Lëtzebuerger Sprooch hätt 1.500 Joer, dann hu mir et net mat enger Meenung ze dinn, mat där ee ronderëm den Dësch d'Accord ka sinn oder net. Dat ass carrement Geschichtsfälschung. Et gouf virun 1.500 Joer weder e Lëtzebuerg, nach eng Lëtzebuerger Sprooch. Esou eng Verdréinung vun historesche Fakten muss widderluecht ginn.

Keng Meenung, mee Geschichtsfälschung

Wann d'Méisproochegkeet vu Lëtzebuerg als e Mythos fréier an haut bezeechent gëtt, dann ass dat net eng Meenung, mee esouwuel Geschichtsfälschung wéi fake news. Haut kënnt iwwregens, wéi d'Sendung gewisen huet, an där néideger méisproocheger Kompetenz, bei déi dräi Sproochen, déi an der Verfassung ernimmt ginn, nach d'Englesch dobäi.

Dee richteg vehemente Widdersproch gouf et, wou den ADR-Politiker a Fro gestallt huet, datt Franséisch eng Wuerzel an der Geschicht vum Land hätt. Franséisch als Staats-a Bildungssprooch esouwéi déi fundamental Wichtegkeet, grad fir d'Onofhängegkeet vum Lëtzebuerger Nationalstaat, vun der däitsch-franséischer Zweesproochegkeet an der Geschicht vu Lëtzebuerg ze niéieren, wéi den ADR et mécht, ass einfach nëmmen haarsträubend.

An deen Negationismus huet nëmmen een Zil: Haass ze verbreede géint déi Mënschen, déi den ADR-Politiker an der Sendung - ongestéiert - als "déi Aner" bezeechent, an dësem Fall frankophon Matbierger a Salariéeën am Grand-Duché.

Wéi an eisen Nopeschlänner verfollegen d'Rietspopulisten och hei zu Lëtzebuerg systematesch een Zil: Ligen iwwer d'Vergaangenheet erzielen fir d'Géigewaart besser haassen ze kënnen. Wann een hinnen net vehement widdersprécht a se weiderleet, schwätzt een net Kloertext, mee et offréiert een dem Haass op déi Aner eng Bün.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.