Der EU-Ëmweltagence no suerge renge Stëbs an aner Substanzen an der Loft fir eng ganz Rei vu chronesche Krankheete bei jonke Leit. Esou wieren dem EEA-Rapport no néng Prozent vun de Kanner a Jugendlecher an Europa vun Asthma betraff.
Jugendlecher reagéiere sensibel op Loftveschmotzung
Jonker géife besonnesch sensibel op eng héich Loftverschmotzung reagéieren. Dat aus direkt e puer Grënn, wéi de Gerardo Sanchez Martinez vun der EEA erkläert.
De Kierper an d'Organer vun deene Jonke wieren nach an der Entwécklung a si hätten och nach ee méi schwaacht Immunsystem. Hien erkläert, datt déi Jonk méi séier géifen ootmen an och méi duerch de Mond.
Am jonken Alter wier een nach méi kleng an dofir och méi no um Buedem, sou wiere si bestëmmte Source vu Pollutioun, ewéi den Ofgase vum Auto méi ausgesat. Wann een op Basis vum Kierpergewiicht kuckt, géifen déi Jugendlech méi Schuedstoffer anootme wéi Erwuessener.
Fir besser Loftqualitéit an de Schoulen suergen
Fir Kanner a Jugendlecher besser virun der Loftverschmotzung ze protegéieren, fuerdert déi europäesch Ëmweltagence, d'Politik an och d'Gesellschaft op virun allem ronderëm de Schoulen, Crèchen, a Sportshalen, respektiv Terraine fir eng besser Loft Qualitéit ze suergen. Dat andeems zum Beispill net méi an der Géigend vun dësen Infrastrukture géif gefëmmt ginn an och keen Auto do zirkuléiere géif.
De Gerardo Sanzchez Martinez ënnersträicht, datt et immens wichteg fir d'Schoule wier fir Gréngflächen ze hunn. Déi géife wéi Puffer bei Loftverschmotzung funktionéieren, sou wier d'Loft méi reng. Et wier och wichteg fir d'Loft an de Klassesäll mat enger Ventilatioun oder Filtere reng ze halen.
Loftqualitéit huet sech an de leschte Joren verbessert
Virun allem am Osten an a Mëttel-Europa géifen d'Wäerter vun der Loftverschmotzung nach dacks iwwer de Recommandatioune vun der WHO leien, gëtt de Gerardo Sanchez Martinez ze bedenken. Allgemeng hätt sech d'Loftqualitéit an de leschte Joren awer verbessert.
"Et geet just net séier genuch. An dat ass ee vun de Grënn firwat d'EU probéiert den acceptéierten Niveau u Pollutiounswäerter weider erofzedrécken."
Wéi d'Lëtzebuerger Ëmweltverwaltung rezent matgedeelt hat, hätten d'Wäerter vun der Loftqualitéit sech zu Lëtzebuerg zanter 2005 konstant verbessert. Trotzdeem géifen déi gemoosse Wäerter op verschiddene Plaze ganz no un der Limitt leien - zum Beispill zu Réimech, Iechternach, Déifferdeng, Esch, Hesper a Lëtzebuerg.
Am Fall vu kuerzfristegen héije Pollutiounswäerter an der Bausseloft, gëtt d'Ëmweltverwaltung iwwerdeems eng Alerte eraus.