Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1.000 Vëlosfuerer manifestéiere fir Sécherheet a besser Vernetzung

Philippe Herkrath

1.000 Vëlosfuerer manifestéiere fir Sécherheet a besser Vernetzung

800 bis 1000 Vëlosfuerer hunn an der Stad fir méi Sécherheet a besser Vëlosweeër manifestéiert. D'Associatioun Provelo hat zu där Manifestatioun opgeruff. Gefuerdert gi sécher Vëlosweeër an den Ausbau vu Vëlospisten.

auto_stories

3 min

D'Manifestatioun wier ee Succès gewiescht, seet den Philippe Herkrath vun der Associatioun Provelo. D'Associatioun fuerdert eng Verbesserung vun der Verkéierssécherheet fir Cyclisten. Fir dat ze erreeche misst ee bei der Planung ufänken, betount de Philippe Herkrath vun der Vereenegung Provelo.

"Ons generell Fuerderunge sinn an éischter Linn datt einfach ee koherent an zesummenhängend Vëlosnetz erstallt gëtt, sou datt ee wierklech vun iwwerall hi kënnt wou ee wëllt. Um Niveau vum Ministère muss tëscht de Gemenge Verbindunge geplangt ginn an dann ass et un de Gemenge fir bannent den Uertschafte besonnesch fir d'Sécherheet vum Vëlosfuerer ze suergen.

Dann hätte mer och gären dass an de Uertschaften ee flächendeckend Tempo 30 agefouert gëtt, fir d'Sécherheet ze verbesseren, mee och fir méi liewensräich Raim ze schafen. Dat gëtt et schonn a Spuenie wou et landeswäit de Fall ass, oder zu Paräis an zu Bréissel.

Provelo hätt och gären, datt dem Vëlo, der Croissance vum Vëlosverkéier Rechnung gedroe gëtt, an deem ee kuckt datt de Vëlo och als eegestännegt Transportmëttel behandelt gëtt a spezifesch drop higeschafft gëtt, fuerdert de Philippe Herkrath.

Autosfuerer respektéieren zum Deel d'Distanz vun 1,5 Meter

Am Code de la Route gëtt et eng Dispositioun mat der Reegel vun der Distanz vun 1,5 Meter déi een Autosfuerer muss respektéieren. Dat géif net ëmmer respektéiert ginn, ënnersträicht de Philippe Herkrath:

"Ech mengen dat kann een net allgemeng soen. Et ginn Autosfuerer déi respektéieren dat absolut, et ginn aner Chaufferen déi respektéiere vläicht net ganz präzis déi 1,5 Meter Distanz, mee do ass kee schlechte Wëllen derbäi.

Da gëtt et awer Autofuerer déi deelweis extrem knapp iwwerhuelen, just fir dann 30 Meter weider an eng Afaart anzebéien. Dat si sou Saachen déi kënne mer net einfach esou akzeptéieren, well dat setzt de Vëlosfuerer onnéideg a Gefor.

Déi Reegel gëtt et schonn zanter véier Joer am Code de la Route an do brauch et einfach méi konkret Mëttel fir de Leit dat bewosst ze maachen.

Méi Matsproocherecht bei der Planung

D'Associatioun Provelo kritiséiert d'Aart a Weis wéi geplangt gëtt. Et misst een d'Vëlosfuerer vu fir eran mat abannen, betount de Philippe Herkradt:

Mir géingen ons do einfach wënschen datt mer an der Elaboratioun vun de Léisunge géifen agebonne ginn. Datt mir do direkt d'Perspektiv vum Vëlosfuerer ginn. Fir mat ze deele wat ka klappen a wat net an datt mer eben net nëmmen zum Schluss kënne kritiséieren datt et eigentlech eben net dat ass, wat mir ons drënner virgestallt haten.