100komma7.lu
/ Baueren Allianz: Vill Bauerebetriber uerg vum Héichwasser betraff
Naturkatastroph
Baueren Allianz: Vill Bauerebetriber uerg vum Héichwasser betraff
E puer honnert Bauerebetriber wieren vun den Iwwerschwemmungen betraff, sou d'Baueren Allianz an enger éischter Estimatioun. Nieft Véi dat huet missen evakuéiert ginn, ass och materielle Schued duerch d'Waassermassen zustane komm. A verschidde Betriber konnten d'Kéi net gestrach ginn well d'Melkanlagë beschiedegt goufen. Hien hätt an de 40 Joer an deeenen hie schonn als Bauer schafft, nach ni esou eng Wiederlag erlieft, sou de De President vun der Baueren Allianz, Camille Schroeder.