Radioen

On air

Notturno  |  The Nick Sober Experience - In My Vehicle

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

1. Bei der Entreprise Ampacet zu Diddeleng schwätzen den OGBL an d’Direktioun erëm mateneen, dat sot de Stefan Osorio-König vum OGBL haut um 22. Streikdag.

2. D‘Demandë fir Subside fir elektresch Gefierer kënne vun haut un online iwwer myguichet.lu gemaach ginn. Domat soll d’Prozedur fir privat a professionnel Ufroen vereinfacht an d’Beaarbeschtung automatiséiert ginn, esou d‘Ëmweltverwaltung.

3. Autoen, Busser an aner Gefierer an der EU sollen an Zukunft manner ëmwelt- a gesondheetsschiedlech Emissioune verursaachen. D’EU-Memberlänner hu sech zu Bréissel op déi nei Schuedstoffnorm "Euro 7" gëeenegt.

4. De Verpakungsmüll an der EU soll bis 2040 em mindestens 15 Prozent reduzéiert ginn. Dorop hu sech d‘Ëmweltministerinnen a Minister vun den EU-Memberlänner zu Bréissel gëeenegt.

5. Iwwer 19.400 Mënsche wieren zanter dem Krich an der Gazasträif bei israeleschen Attacken ëm d‘Liewe komm. Déi Zuel deelt de palästinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt haut mat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Panorama

EU-Rapport Rechtsstaat / Reaktiounen Ëmweltorganisatioune COP26 / Radon-Aktiounsplang / No Terrorattack: Groussbritannien erhéicht Terrorwarnstuf

Panorama

No Terrorattack: Groussbritannien erhéicht Terrorwarnstuf / EU-Rapport Rechtsstaat / Reaktiounen Ëmweltorganisatiounen op COP26 / Radon-Aktiounsplang

Panorama

Ëmweltministerin zitt positive Fazit vu COP26 / EU-Rapport iwwer Rechtsstaat presentéiert / EU verschäerft Sanktioune géint Belarus

Panorama

Carole Dieschbourg begréisst COP26 Klimaaccord / Collège Medical: Zwee weider Dokteren eventuell net am Aklang mat offizieller Covid-Politik / Éisträich: Lockdown fir Net-Geimpfter

Panorama

Collège Medical: Zwee weider Dokteren eventuell net am Aklang mat offizieller Covid-Politik / Éisträich: Lockdown fir Net-Geimpfter / Israel: Impfung fir Kanner erlaabt

Panorama

2 Doudeger hënt bei engem Accident zu Käerjeng / Zu Glasgow gouf en ofgeschwächten Accord ugeholl / Éisträich decidéiert haut iwwer e Lockdown fir Ongeimpfter

Panorama

Ofgeschwächten Accord op der Klimakonferenz zu Glasgow / Zu Beidler gouf déi gréisste Solaranlag am Land ageweit / Éisträich soll haut e Lockdown fir Ongeimpfter decidéieren

Panorama

Verlängerung fir d'Weltklimakonferenz zu Glasgow / Holland geet an e partielle Lockdown, Éisträich wëllt e Lockdown fir Ongeimpfter / Viru 6 Joer waren d'Attentater zu Paräis

Panorama

Verlängerung fir d'Weltklimakonferenz zu Glasgow / Holland geet an e partielle Lockdown, Éisträich wëllt e Lockdown fir Ongeimpfter / Viru 6 Joer waren d'Attentater zu Paräis

Panorama

Maître Gaston Vogel gouf fräigesprach / Éischt Plaintë géint de CovidCheck op der Aarbecht / COP26: Intensiv Verhandlunge fir Klimaaccord ze fannen

Panorama

Maître Gaston Vogel gouf fräigesprach / Lockdown fir Ongeimpfter an Éisträich / Intensiv Verhandlunge fir Accord op Klimakonferenz ze fannen

Panorama

Informatesch Pann beim Internet-Reseau vum Staat / Bettina Steinbrügge: nei Direktesch vum Mudam / Glasgow COP26: ofgeschwächte Schlusstext

Panorama

T. Burton frou iwwer IRM fir Gréiwemaacher / 2 weider Doudeger am Zesummenhang mat Corona / Stéit a finanzielle Schwieregkeete kréien Energiezoufuer net gestoppt

Panorama

T. Burton frou iwwer IRM fir Gréiwemaacher / 2 weider Doudeger am Zesummenhang mat Corona / Stéit a finanzielle Schwieregkeete kréien Energiezoufuer am Wanter net gestoppt

Panorama

Atomkraaft: Net nohalteg, esou Lëtzebuerg a 4 aner Länner / Moderna: Vaccin net méi fir Leit ënner 30 agesat / Energie-Prekaritéit: Stroum a Gas gëtt net ofgeschalt, esou C. Turmes

Panorama

Moderna: Vaccin net méi fir Leit ënner 30 agesat / Energie-Prekaritéit: Stroum a Gas gëtt net ofgeschalt, esou C. Turmes / F. Kartheiser: Froen iwwer Immunitéit vum ADR Deputéierten

Panorama

Vill roen em IRM um Potaschbierg / Di parlamentaresch Immunitéit schützt de Fernand Kartheiser viru Geriicht / USA an China wëllen beim Klimaschutz zesummeschaffen

Panorama

Santé: "Concernéierter sollen drëtt Impfung maachen!" / RKI mellt fir Däitschland 50.000 Neiinfektiounen / Klima: China an USA wëllen zesumme géint d'Äerderwiermung kämpfen

Panorama

Santé: "Concernéierter sollen drëtt Impfung maachen!" / RKI mellt fir Däitschland 50.000 Neiinfektiounen / Klima: China an USA wëllen zesumme géint d'Äerderwiermung kämpfen

Panorama

Point sanitär Situatioun a Booster-Impfungen / IRM-Scannen a privater Praxis zu Gréiwemaacher / Draft Ofschloss-Erklärung COP26