Panorama
Panorama
De Stroum a Gas gëtt am Wanter zu Lëtzebuerg net ofgespaart, wa Leit hir Rechnungen net kënne bezuelen. De Minister Claude Turmes huet mat den Energieressourcen en Accord fonnt
Den Impfstoff vu Moderna soll zu Lëtzebuerg aus Precautiouns-Grënn bis op Weideres net méi fir Leit ënner 30 agesat ginn, esou d'Gesondheetsministerin
D'Europäesch Medikamenten-Agence huet zwee nei Medikamenter géint Covid-19 autoriséiert - Ronapreve, vum Schwäizer Pharmakonzern Roche, a Regdanvimab (oder Regkirona) vun der Firma Celltrion aus Südkorea
Och Holland mellt elo en neie Rekord bei de Corona Nei-Infektiounen, mat 16.364 positive Fäll banne 24 Stonnen
Ob dem ADR Deputéierte Fernand Kartheiser seng parlamentaresch Immunitéit bei ëmstriddenen Aussoen 2018 an engem 100,7-Interview spillt, muss nach vun de Geriichter gekläert ginn
De fréiere südafrikanesche President a Friddensnobelpräisdréier Frederik Willem de Klerk ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen