Panorama
Panorama
D'Lëtzebuerger Ëmweltministerin Carole Dieschbourg begréisst de Klimaaccord op der Weltklimakonferenz zu Glasgow. D'Zil fir d'Äerderwäermung op 1,5 Grad ze limitéiere wier um Liewe gehale ginn
De Collège Medical ënnersicht weider Fäll vun Dokteren, déi hire Patienten eventuell Covid-19-Informatioune goufen, déi net am Aklang si mat der Regierung hirer Gesondheetspolitik
Lockdown fir Net-Geimpfter an Éisträich: Ronn zwou Millioune Leit däerfe just nach fir essentiell Zwecker virun d'Dier
Israel huet d'Impfung vu Kanner tëschent fënnef an eelef Joer erlaabt. Si kënne mam Impfstoff vu Pfizer/BioNTech géint Covid-19 geimpft ginn
Zu Liverpool huet d'Police dräi Männer verhaft wéinst Terrorismus-Verdacht. Dat nodeems e puer Stonne virdrun en Taxi virun enger Fraeklinik explodéiert war
Dat populäert Spill "Fortnite" ass a China zanter de Moien net méi accessibel
Am Fussball huet Lëtzebuerg gëschter Owend am Kader vun der WM Qualifikatioun 0-3 géint Irland verluer
An der Formel 1 huet de Lewis Hamilton de Grousse Präis vu Brasilien awer nach gewonnen