Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - The Letter

play_arrow Live
arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ Jürgen Gosch: Säin Theater huet polariséiert a provozéiert

Jürgen Gosch: Säin Theater huet polariséiert a provozéiert

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow

De Jürgen Gosch, deen haut 80 Joer géif kréien, war ee vun de wichtegste Regisseure vum zäitgenësseschen däitschsproochegen Theater. All méiglech Präisser an en aussergewéinleche Publikumserfolleg hu seng Popularitéit ëmmer nees ënnerstrach. Mee dat heescht awer net, datt hie sech beim Public bäigeschmiert huet. Ganz am Contraire: seng Regieaarbechten - wéi déi bluddeg Macbeth-Inzenéierung 2005 um Schauspillhaus Düsseldorf, hu Skandaler a ganz vill Diskussiounen provozéiert.

Den 11. Juni 2009 ass de Jürgen Gosch am Alter vu 65 Joer gestuerwen, e groussen Verloscht, net nëmmen fir den däitschen, mee och fir den europäeschen Theater. De Jean Claude Majerus erënnert un de groussen Theatermënsch Jürgen Gosch.

Episoden