Episoden
2025
Esou, den Tour wier gemaach. No iwwer engem Joer duerch Zäit-a-musikalesche-Raum-Fléien si mir ukomm. 2025, Terminus. Wgl. erausklammen.
2024
Déi franséisch Noperen haten e richtegt wëllt Joer, mee och fir de Rescht bleift esou munch eppes hänken, wat 2024 wat 2024 an der Weltgeschicht esou geschitt ass. A musikalesch?
2023
Unhand vun der Musek kuckt et sech besser iwwer d'Joer 2023 wéi iwwer soss ee sozio-ekonomesche Bléckwénkel. Time Flies ass genee esou e musikalesche Réckbléck.
2022
E subjektive Réckbléck op e musikalescht Joer, wat net méi wierklech wäit ewech läit.
2021
Nom Joer vum ongewollte Stëllstand koum d'Joer, bei deem nees e Wee no vir um Horizont war.
2020
Bon, gutt... 2020. Mir wëssen all, wat mir dat Joer gemaach hunn. Net vill.
2018
De musekalesche Cru ass dat Joer staark. E Museker mellt sech esouguer aus dem Afterlife, fir posthum mat déi flottste Musek vu senger Karriär ze releasen.
2017
Et ass lues schwiereg erauszehiewen, wat zum moderne Kanon gehéiert an hanner wat fir engen hotten Acts sech just e retromaneschen Affekt verstoppt a wien d'Musek produzéiert.
2016
Tëschent Terroruschléi a Panama Papers war d'Joer eent, wat een am léifsten direkt nees vergiesse wollt. Mee och de Réckzuch an d'Musek war net ëmmer schéin.
2015
Et ass op allen Niveauen en duerchwuessent Joer, wann 10 Joer Retrospektioun duerginn, fir dat anzeschätzen.
2014
2014 ass e spannende musikalesche Joergank. Mir verbréngen eng Stonn an deem Joer, dat nach net esouwäit ewech wierkt an awer iwwer 10 Joer schonn hanner eis läit.
2013
Am Joer vu fréizäitegen Departen war et gutt, dat wéinstens op Valeur sûrë vun der Musek ze ziele war. Eng musikalesch Zäitrees, déi sech exklusiv ëm d'Joer 2013 dréit.
2012
Et gëtt ganz dramatesch, orchestral eepesch a schéin. Wie brauch dann nach d'Fouer!
2011
2011 ass e staarke Cru. Nei Acts mat spannenden neie Propositioune wéi och Museker:innen, déi no Joerzéngten am Geschäft Héichpunkte vun hire Karriäre produzéieren.
2010
Mir lauschteren eis vu Woch zu Woch a lues a lues duerch Pop- a Rockgeschicht a mir sinn am Joer 2010 ukomm. Wéi dat Joer wuel geklongen huet?
2009
EU-Politik an amerikanesch Helden hin oder hier, interesséiert d'Musek vun deem Joer - an déi war definitiv fest an der Hand vun Indiekënschtler a Kënschtlerinnen.
2008
Mir maache Stopp an deem ganz tumultuéise Joer a lauschteren eran - an d'Musek vum Joer 2008.
2007
2007 weist sech vun alle Säiten, och musikalesch. Katy Perry séngt doriwwer, wéi si e Meedche gekusst huet, Coldplay gi mam Brian Eno an de Studio an nei Folkmuseker:inne sinn in.
2006
Bangers aus de Radiorotatiounen, verspillt Ureges aus Elektronik a Pop an dee gréisste Folk-Elf vum 21. Joerhonnert ...
2005
Vu cheemesche Bridder, dem brasilianeschen David Bowie an der Angscht, dat bëssi Coolness ze verléieren - et ass nees fir all Goût, Faarf an all Angoisse eppes dobäi.