arrow_back_ios

Time Flies

2024

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Ass et nach eng Zäitrees, wann een iwwer e Joer luusst a lauschtert, dat nach keng zwielef Méint zeréckläit? Egal wat d'Äntwert dorop ass - d'Konzept vun dëser Emissioun gesäit och vir, och rezent vergaange Joren ze beliichten. Déi franséisch Noperen haten e richtegt wëllt Joer, mee och fir de Rescht bleift esou munch eppes hänken, wat 2024 an der Weltgeschicht esou geschitt ass. A musikalesch? "brat summer“, schéin a gutt, mee wat bleift op deem Niveau soss nach hänken. Mir versichen eis an deem onméiglechen Exercice, de Kanon erauszeschielen. Onméiglech.

Playlist:
1. Dua Lipa - Houdini (op Radical Optimism; Warner Records; 2024)
2. Kendrick Lamar - Not Like Us (op Single; Interscope Records; 2024)
3. Daniel Blumberg - Overture (Ship) (op The Brutalist (Original Motion Picture Soundtrack); Milan; 2024)
4. Laura Cannell - The Cosmic Spheres of Being Human (op The Rituals of Hildegard Revisited; Brawl Records; 2024)
5. claire rousay - lover's spit play in the background (op Sentiment; Thrill Jockey; 2024)
6. Geordie Greep - Holy, Holy (op The New Sound; Rough Trade; 2024)
7. Bob Vylan - Makes Me Violent (op Humble As The Sun; Ghost Theatre; 2024)
8. KNEECAP - I bhFiacha Linne (op Fine Art; Heavenly; 2024)
9. Cindy Lee - Glitz (op Diamond Jubilee; self-released; 2024)
10. Cindy Lee - Kingdom Come (op Diamond Jubilee; self-released; 2024)
11. Kim Deal - Summerland (op Nobody Loves You More; 4AD; 2024)
12. Jessica Pratt - Life Is (op Here In The Pitch; Mexican Summer; 2024)
13. Beth Gibbons - Floating On A Moment (op Lives Outgrown; Domino; 2024)
14. The Cure - Alone (op Songs of a Lost World; Polydor & Fiction Records; 2024)

Episoden

1975. D'B-Säiten

Mir leeën haut net d'B-Säiten, mee d'Love-Säite vum musikalesche Joer 1975 op.
headphones

60 min

play_arrow

1974, D'B-Säiten

Eng Italieenerin bréngt den Drama, Afroamerikanerinne bréngen eis Franséisch bäi an de Gil Scott-Heron bréngt d'Wouerecht zum Theema Alkohol.
headphones

60 min

play_arrow

1973, D'B-Säiten

Vun amerikaneschem Softrock bis zu engem Stopp a Japan; e magescht musikalescht Joer
headphones

60 min

play_arrow

1972, D'B-Säiten

15 Stécker aus dem onendlech staarke Museksjoer 1972
headphones

60 min

play_arrow

1971 - D'B-Säiten

Vum Roger Daltrey bei d'Joy Fleming an aus dem Burundi bis op Memphis. Buckle up.
headphones

60 min

play_arrow

1970, D'B-Säiten

15 Stécker stinn um Menu bei der zweeter Time Flies-Emmissioun iwwer d'Joer 1970.
headphones

60 min

play_arrow

1969, D'B-Säiten

Wat déi zwielef Méint vum Joer 1969 musikalesch esou alles lass war, steet am Mëttelpunkt vun der Zäitrees duerch d'Pop- a Rockgeschicht.
headphones

60 min

play_arrow

1968 - D'B-Säiten

Vun Hippien a québécois, italieeneschem Spaghetti-Western-Sound, dee Joerzéngte méi spéit verréckt mécht an engem good fella, deen als jonke Mann drop lass geschmaacht huet.
headphones

60 min

play_arrow

1967 - D'B-Säiten

Gënnt Iech eng musikalesch Zäitrees tëschent dem Gefeiers a kommt mat an déi zweet Hallschent vun den 1960er.
headphones

61 min

play_arrow

1966 - D'B-Säiten

Mëtt de 60er schéngt d'Musek net ze stoppe gewiescht ze sinn. D'Konzept vun de B-Säite gëtt mat Vue op all déi Bangers an der Emissioun verspillt a Fro gestallt.
headphones

60 min

play_arrow

1965 - D'B-Säiten

Et gëtt Latin Soul, Blues a kaliforneschen Hippie-Sound aus dem Joer 1965 op d'Oueren.
headphones

60 min

play_arrow

1964, D'B-Säiten

En zweeten, méi komplettéierenden Tour duerch Pop- a Rock freeën. 1964 war net nëmme just d'Joer an d'Zäit vun der British Invasion oder dem Wall of Sound vum Phil Spector.
headphones

60 min

play_arrow

2025

Esou, den Tour wier gemaach. No iwwer engem Joer duerch Zäit-a-musikalesche-Raum-Fléien si mir ukomm. 2025, Terminus. Wgl. erausklammen.
headphones

60 min

play_arrow

2024

Déi franséisch Noperen haten e richtegt wëllt Joer, mee och fir de Rescht bleift esou munch eppes hänken, wat 2024 wat 2024 an der Weltgeschicht esou geschitt ass. A musikalesch?
headphones

60 min

play_arrow

2023

Unhand vun der Musek kuckt et sech besser iwwer d'Joer 2023 wéi iwwer soss ee sozio-ekonomesche Bléckwénkel. Time Flies ass genee esou e musikalesche Réckbléck.
headphones

60 min

play_arrow

2022

E subjektive Réckbléck op e musikalescht Joer, wat net méi wierklech wäit ewech läit.
headphones

60 min

play_arrow

2021

Nom Joer vum ongewollte Stëllstand koum d'Joer, bei deem nees e Wee no vir um Horizont war.
headphones

60 min

play_arrow

2020

Bon, gutt... 2020. Mir wëssen all, wat mir dat Joer gemaach hunn. Net vill.
headphones

60 min

play_arrow

2018

De musekalesche Cru ass dat Joer staark. E Museker mellt sech esouguer aus dem Afterlife, fir posthum mat déi flottste Musek vu senger Karriär ze releasen.
headphones

60 min

play_arrow

2017

Et ass lues schwiereg erauszehiewen, wat zum moderne Kanon gehéiert an hanner wat fir engen hotten Acts sech just e retromaneschen Affekt verstoppt a wien d'Musek produzéiert.
headphones

60 min

play_arrow