arrow_back_ios

Time Flies

100komma7.lu / Time Flies

/ 1993, D’B-Säiten

1993, D’B-Säiten

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Froen iwwer Froen: Wat war “that“, wat de Meat Loaf 1993 net maache wollt? Wat soll den Jelly sinn, vun deem de Wayne Coyne vun The Flaming Lips do séngt. Firwat benennt eng brittesch Shoegaze-Band hiren Album no engem griichesche Snack a firwat gëtt den Jarvis Cocker esou horny bei senge Gedanken u Sheffield? Et ass fir geckeg ze ginn am Gehier.


Playlist:

01. Meat Loaf – I'd Do Anything For Love (But I Won't Do That) (op Bat Out Of Hell II: Back Into Hell; MCA Records; 1993)

02. Slowdive – Alison (op Souvlaki; Creation Records; 1993)

03. The Flaming Lips – She Don't Use Jelly (op Transmissions From The Satellite Heart; Warner Bros. Records; 1993)

04. The High Llamas – Sparkle Up (op Hawaii: Alpaca Park; 1996)*

05. Liz Phair – 6' 1“ (op Exile In Guyville; Matador; 1993)

06. Sarah McLachlan – Possession (op Fumbling Towards Ecstasy; Nettwerk; 1993)**

07. Janet Jackson – That's The Way Love Goes (op janet.; Virgin & JDJ Entertainment; 1993)

08. Guru – Loungin' (op Jazzmatazz (Volume 1); Chrysalis; 1993)

09. Cypress Hill – Insane In The Brain (op Black Sunday; Ruffhous Records & Columbia; 1993)

10. Michael Nyman – Big My Secret (op The Piano; Venture; 1993)

11. Duran Duran – Ordinary World (op Ordinary World; Parlophone; 1993)

12. Alain Souchon – Foule sentimentale (op C'est déjà ça; Virgin; 1993)

13. Pulp – Sheffield: Sex City (op Intro: The Gift Recordings; Island Records; 1993)


*De Presentateur vun der Emissioun huet sech mat The High Llamas an der Musek aus hirem Album “Hawaii” ganzer dräi Joer verdoen. D'Konzept-Fanatiker ginn ëm Entschëllegung gebieden

** "Fumbling Towards Ecstasy" ass net der Sarah McLachlan hiren Debutalbum

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

1994, D'B-Säiten

D'Joer mam Punkt – op deem ee vum "virum“ an "nom“ Doud vum Kurt Cobain geschwat huet.

1993, D’B-Säiten

D'Zäitreess duerch dat fréit Joer vun den 1990er war eent voller oppener Froen.
headphones

60 min

play_arrow

1992, D'B-Säiten

Riffs'n'Rhymes, esou léisst sech de Joergank 1992 ganz gutt resuméieren.
headphones

60 min

play_arrow

1991, D'B-Säiten

De sexiest man alive, Musek aus Äthiopien an Trip Hop – dëst Joer ass nu wierklech alles dobäi bei der Zäitrees duerch Pop a Rock.
headphones

60 min

play_arrow

1990, D'B-SÄITEN

Et ass endlech esouwäit, d'Achtzeger sinn hanner eis a mir heeschen d'Nineties wëllkomm.
headphones

60 min

play_arrow

1988, D'B-Säiten

Ganz iwwerraschend, ongewollt iwwersprongen - et geet an all Richtungen: bei hallef Japaner, an Ägypten, bei eng Kinnigin vun New York a bei déi indigène Awunner vun Australien
headphones

60 min

play_arrow

1989, D'B-Säiten

Eng lescht Stonn an den 1980er, déi ë.a. mam Bake vu Brout an Zuchfuere verbruecht gëtt. Jo, et gëtt Zäit, an en neit Joerzéngt ze rutschen.
headphones

60 min

play_arrow

1987, D'B-Säiten

D'Museksjoer ass net dat allerbescht, mee d'Verzweiflung ass nach net esou grouss, dat ee misst Guns'n'Roses spillen.
headphones

60 min

play_arrow

1986, D'B-Säiten

Wéi schonn de Morrissey sot: There is a light that never goes out. Och am däischterste Poplach fanne mir d'Bijouen a loossen se Revue passéiere bei der musikalescher Zäitrees.
headphones

60 min

play_arrow

1985, D'B-Säiten

Every synth wants to rule the world - mee net nëmmen. Mir bliederen duerch d'B-Säite vun 1985.
headphones

60 min

play_arrow

1984, D'B-Säiten

D'musikalesch Zäitrees an den 80s wiert sech géint dem Orwell seng Previsiounen. Self Control schéin a gutt, mee keng staatlech Iwwerwaachung.
headphones

60 min

play_arrow

1983, D'B-Säiten

Maacht Iech net ze vill Gedanken. Dem Nena seng 99 Loftballone loossen ech net op Iech lass an et gëtt och net nëmme Synthesizer.
headphones

60 min

play_arrow

1982, D'B-Säiten

Iwwer 40 Joer al Musek, déi zum Deel haut nach aktuell ass, respektiv aus aktuellem Anlass gespillt gëtt. A keng Suerg, et gëtt nach genuch 80s Synthesizer op d'Oueren.
headphones

60 min

play_arrow

1981. D'B-Säiten

Freet Iech an entdeckt vläicht esouguer e bëssi Musek mat de B-Säite vum Joer 1981.
headphones

60 min

play_arrow

1980 - D'B-Säiten

Time Flies mécht e weidere Wiessel vun engem Joerzéngt an en anert.
headphones

60 min

play_arrow

1979, D'B-Säiten

Et gëtt Balladen, d'Lola gëtt kromm besongen a se sinn all verléift. Wéi et sech gehéiert. Dat sinn d'B-Säite vum Joer 1979 fir Iech.
headphones

60 min

play_arrow

1978, D'B-Säiten

Dir gitt gekacht, appropriéiert Kläng gi reapropriéiert an aus iergendengem Grond ass de Mount September wichteg.
headphones

60 min

play_arrow

1977, D'B-Säiten

Spëtzt Är Oueren a loosst Iech an, op d'B-Säite vun 1977 - mat Hits, deep cuts an hoffentlech där eng oder där anerer Entdeckung.
headphones

60 min

play_arrow

1976, D'B-Säiten

D'musikalesch Zäitrees geet 50 Joer no hannen a flitt vun Düsseldorf op Lagos an dann zeréck an d'Tierkei just fir dann doheem eppes de Planze virzespillen.
headphones

60 min

play_arrow

1975. D'B-Säiten

Mir leeën haut net d'B-Säiten, mee d'Love-Säite vum musikalesche Joer 1975 op.
headphones

60 min

play_arrow