D'Joer 2017 bleift virop wéinst zwou Saachen an Erënnerung: engersäits geet mat der Vereedegung vum Donald J. Trump als President en neit Zäitalter fir d'USA lass. Am Grand-Duché geet et op d‘mannst esou monumental virun - den Tram rullt duerch d'Stad. Enfin, déi éischt laang Méint just iwwer de Boulevard Kennedy. An der Musek fänkt et esou lues awer sécher u schwiereg ze ginn erauszehiewen, wat zum moderne Kanon gehéiert an hanner wat fir engen hotten Acts sech just e retromaneschen Affekt verstoppt a wien d'Musek zur Zäit produzéiert. Time Flies mécht e Versuch, deem mat senger Selektioun op de Grond ze goen.
arrow_back_ios
Time Flies
2017
Lauschteren
play_arrow
headphones
60 min