arrow_back_ios
Retromania
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Konscht gouf ëmmer scho geklaut
Déi zwee Munch-Biller zu Oslo, d'Mona Lisa virun iwwer 100 Joer aus dem Louvre an aner geklaute Konschtwierker
Alfred Hitchcock: De Meeschter vum Thriller
De “Master of Suspense” Alfred Hithock koum den 13. August 1899, virun 125 Joer deemno, op d’Welt.
Déi legendär Abbey-Road-Foto vun de Beatles
Déi legendär Foto vun den Beatles, déi an der Abbey Road zu London iwwer d‘Zebrasträife ginn, gouf viru 55 Joer geknipst.
Volker Lechtenbrink: Den Kënschtler mat der spezieller Stëmm
Den 22. November 2021 ass den däitschen Allround-Artist Volker Lechtenbrink am Alter vu 77 Joer gestuerwen. Gëschter um 18. August hätt hien 80 Joer kritt.
Robert Hall: En Deel vun der Woodstock-Geschicht
Deen Amerikaner, deen hei zu Lëtzebuerg lieft, war viru 55 Joer, um Weekend vum 15., 16. a 17. August 1969 op dem Feld zu Bethel beim legendäre Woodstock Festival mat derbäi.
Woodstock-Festival: En Ausdrock vum Love and Peace-Mouvement
Viru 55 Joer goung op dësem Weekend dee legendäre Woodstock Festival iwwer d'Bün, en Héichpunkt vun der Hippie-Kultur.
Les Paul: De Papp vun der elektrescher Gittar
De Museker a Gittarist Les Paul ass den 12. August 2009 am Alter vu 94 Joer gestuerwen. Den Jazz- a Rock-Pionéier ass de Papp vun engem Kultobjet
Donald Duck: Déi sympathesch, rosen Int
Den 9. Juni 1934, virun 90 Joer, konnt een de Donald Duck, eng vun de beléiftsten Disney-Figuren, déi alleréischte Kéier am Zeechentrickfilm “The Wise Little Hen” gesinn.
FSK: E Film vu wéi engem Alter un?
Zanter 1949, also schonn 75 Joer, kontrolléiert d’FSK, d’Freiwillige Selbstkontrolle der Filmwirtschaft an Däitschland, fir wéi en Alter e Film am Kino oder op anere Supporte fir Kanner oder Jugendlecher erlaabt ass.
Emil Berliner: De Papp vun der Schellacks-Plack
Den Erfinder vum Grammophon a vun der Schellacks-Plack a Grënnungsmember vun der Deutschen Grammophon, den Emil Berliner, ass viru 95 Joer am Alter vun 78 Joer zu Washington gestuerwen.
Manson-Mäerderei: Synonym vum Béisen
De Satanist a Sekteleader Charles Manson huet viru 55 Joer Membere vu senger “Family” ugestiwwelt Mënschen, ënner hinnen déi héich-schwanger Actrice Sharon Tate, dout ze maachen.
Ronald Biggs: Vum Brigang zur Legend
Ee vun de Brigangen, deen 1963 beim Great Train Robbery derbäi war, kréich haut (8.8.) 95 Joer.
Colette: Eng fräi an emanzipéiert Schrëftstellerin
D’Colette, eng vun de bedeitendste Schrëftstellerinne vum 20. Joerhonnert, ass 1954 viru 70 Joer am Alter vun 71 Joer gestuerwen.
Richard Burton: Tëschent Konscht an Tragedie
Ee vun de beschten Acteure vum 20 Joerhonnert ass viru 40 Joer gestuerwen ass.
Virun 80 Joer gouf d’Anne Frank an hir Famill vun den Nazien zu Amsterdam gefaange geholl ...
... a koum an e Konzentratiounslager, wou dat jonkt Meedche kuerz virun der Liberatioun gestuerwen ass.
Henri Cartier-Bresson: E grousse Fotograf vum 20. Joerhonnert
Den Henri Cartier-Bresson, ee vun de bedeitendste Fotografe vum 20. Joerhonnert ass den 3. August 2004, virun 20 Joer deemno, am Alter vu 95 Joer gestuerwen.
Wes Craven: De Horror-Spezialist
Haut (2.8.) gëtt un dem amerikanesche Cineast, Acteur a Zenarist Wes Craven säi 85. Annversaire am Retromania geduecht.
Oskar Negt: E fräien a kritesche Geescht
Dee fréieren emeritéierte Professer op der Leibnitz Universitéit zu Hannover, de Soziolog a Philosoph Oskar Negt, hätt haut um 1. August 90 Joer kritt.
Louis de Funès: Den nervös-wibbelegen Acteur
Haut (31.7.), virun 110 Joer, koum den Ausnamekomiker a groussen Acteur Louis de Funès zu Courbevoie, net wäit vu Paräis, op d’Welt.