De Jos, eise léiwe Lausbouf aus der Anja Di Bartolomeo senge Geschichten, ass déi Kéier komplett op Vältesdag, also den Dag vun de Verléiften, fixéiert. Et geet am Fong manner ëm hie selwer wéi ëm d’Nonna Rosa. Si hunn nämlech all zesummen eng Iddi, wéi si der Nonna Rosa fir Vältesdag eng riseg Iwwerraschung kënne maachen. Dat ass eng ganz flott Iddi, kéint een unhuelen. Mee dir wësst, wann de Jos, de Bopa Maria an deem säi Kolleeg Loulou mateneen hantéieren, da kann aus Vältesdag fir d’Nonna Rosa ganz séier e Katastrophe-Vältesdag ginn.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag
Lauschteren
play_arrow
headphones
41 min
Episoden
D’Knackint an d’Krickint
Déi zweefaarweg Bëschspëtzmaus an hir Spënnchen
Den Hirsch huet den Hals wéi!
De Jos a seng grujeleg Halloweennuecht
De Mukami an d’Geschicht mat der Geeschterbunn
De Jos an d’Saach mam Gaardenhaischen
De Jos a seng Schwëster Nora kréie vun der Mamm d’Missioun, d’Gaardenhaischen, dat si sech schonn esou laang gewënscht hunn, opzeriichten.
D’Pirateband
D’Kanner vum Panda Club hunn eng flott Geschicht iwwer eng Pirateband geschriwwen.
D'Sonn ass glëschtereg op Glace
D'Sonn ass grad eréischt opgestanen an huet immensen Duuscht. Eng Glace géif elo gutt kommen. Mee et ass nach ze fréi dofir, dofir muss se no anere Saache sichen, fir drun ze lecken..
D'Schildkröt Schilli am Äerdbier
D'Schildkröt Schilli ass ganz hongreg op engem schéine Summerdag. Mmmh ... do läit den Doft vu leckeren Äerdbieren an der Loft. Mee wéi kéint d'Schilli dann u si kommen? Gëtt et do een, deen him hëllefe kéint?
Den Äisbier
Beim Louis a Max hirer Geschicht geet ëm en Äisbier.
Dat virwëtzegt Jippelchen
Bei dëser Geschicht vum Zoe geet et ëm e Jippelchen, dat op Ouschterdag op d'Welt koum.
Bëschverschmotzung
Bei dëser Geschicht vum Lina a Jana geet et ëm Bëschverschmotzung.
D'Jippelchen
D'Elie an d'Lena erzielen eis hir Geschicht iwwer e Jippelchen, dat sech verluer huet ...
D'Chickengang
D'Mathilde erzielt eis d'Geschicht vun der Chickengang, vun zwee Jippelcher, déi de Wee heem net méi fonnt a wéi se gehollef kréien nees Heem ze kommen.
Wéi de Mound an d'Sonn aneneegeknuppt sinn
De Mound huet vum villen Iwwerleeë ganz vergiess schlofen ze goen an ass mat der Sonn aneneegeknuppt.
Marie an d'Knetzelwonner
D'Marie huet nom Schwamme lauter Knetzelen an den Hoer. Grad elo, wann dach d'Bomi op Besuch kënnt!
De Mukami an dat komescht Iwwerraschungsee
De Mukami feiert Ouschteren! Mee wat genee ass dat?
De Pol ass de Klassebeschten
Beim Pauline a beim Liss hirer Geschicht geet et ëm de Pol, dee Klassebeschten ass.
De Gepard an d’Fauldéier
Bei dëser Geschicht vum Max a Bamba stinn de Gepard an d’Fauldéier am Mëttelpunkt. An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!