arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

7 min

Zanter der éischter Kannerradionuecht vum Radio 100,7 presentéiere mir iech all Joer och e fuschneie Kannerradionuechtsong. Dëst Joer kënnt dee Song vum luk., oder anescht gesot vum Luka Tonnar. Den Titel vum Song ass “Nach en Dag”. D’Paule Rodesch huet mam Luka iwwer d’Realisatioun vu sengem Song geschwat an duerno lauschtere mir en dann.

Episoden

Episod 6: Op der Buerg

Episod 6: Op der Buerg

D’Frënn packen et endlech hannert d’Mauere vun der Buerg, an d’Agathe gëtt op d’Prouf gestallt.
headphones

13 min

play_arrow
Episod 5: Wéi d’Kanner aus dem Duerf

Episod 5: Wéi d’Kanner aus dem Duerf

Zeréck am Duerf fäerten eis Frënn, dass alles fir näischt war - bis si dem Elsi vun der Buerg begéinen.
headphones

11 min

play_arrow
Episod 4: Wéi déi fein Herrschaften

Episod 4: Wéi déi fein Herrschaften

Beim Abbes doheem mécht eng Këscht mat Stoftreschter de Frënn ganz nei Dieren op.
headphones

13 min

play_arrow
Episod 3: Mat vill Courage

Episod 3: Mat vill Courage

D’Bärbel konnt schonn ëmmer gutt bauen, mee säi Plang fuerdert d’Frënn all eraus.
headphones

12 min

play_arrow
Episod 2: Op geheimem Wee

Episod 2: Op geheimem Wee

De Charel weess wéi een onbemierkt op d'Buerg kënnt an huet do sou seng Tricker.
headphones

12 min

play_arrow
Episod 1: D’Aventure rifft

Episod 1: D’Aventure rifft

D’Agathe kritt mat, dass op der Buerg eng méi lass ass. Hat trommelt seng beschte Frënn aus dem Duerf zesummen, fir e Wee laanscht déi grouss Paart ze fannen.
headphones

11 min

play_arrow
D’Pechschwéngchen léiert zauberen

D’Pechschwéngchen léiert zauberen

D’Pechschwéngchen Hannes ass iwwerzeegt: Haut léiert hien zauberen! Mat engem alen Zauberbuch vu sengem Bopa probéiert hien déi éischt Zauberspréch aus!
headphones

6 min

play_arrow
D’Pechschwéngchen a säi ganz groussen Optrëtt

D’Pechschwéngchen a säi ganz groussen Optrëtt

D’Pechschwéngchen Hannes dierf bei engem grousse Concert an der Philharmonie mat sengem Triangel optrieden.
headphones

5 min

play_arrow
D’Pechschwéngchen ass verléift

D’Pechschwéngchen ass verléift

Dem Pechschwéngchen Hannes säin Häerz schléit op eemol vill méi séier wéi soss: Hien ass verléift an d'Lotti vum klengen Hiwwel.
headphones

6 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E06: Frënn fir ëmmer

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E06: Frënn fir ëmmer

Et fänkt un däischter ze ginn, an do steet op eng Kéier eng Gestalt an der Dier ... an néitscht.
headphones

9 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E05: D'Méck

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E05: D'Méck

E komescht Klappen un der Fënster léisst d'Tippy an de Pluto opschrecken. Ass do en neit Monster, dat an déi kleng Kummer am klengen Haus era wëllt?
headphones

9 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E04: Zauberei

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E04: Zauberei

Eis zwee luusseg, muusseg Monstere kommen dem Geheimnis vum Derrick sengem Verschwannen ëmmer méi op d'Spuer. Si entdecken en neien Zaubersproch.
headphones

8 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E03: Eng Sträif Hackabullibräi

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E03: Eng Sträif Hackabullibräi

Um Buedem entdeckt d'Tippy Grimmelen, déi bei d'Dier féieren. De Pluto schmaacht eng Grimmel. Déi huet e Goût, deen si ganz gutt kennen. Villäicht huet den Derrick e Message hannerlooss, sou wéi beim Hänsel a Gréidel?
headphones

8 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E02: Den Derrick ass fort

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E02: Den Derrick ass fort

Mat frëschem Courage fille sech eis luusseg, muusseg Monsteren nees besser, mee op eng Kéier mierken si, datt si just nach zu zwee sinn.
headphones

7 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E01: Grujeli

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S03E01: Grujeli

Eis dräi luusseg, muusseg Monstere wëssen elo, datt et net esou einfach ass, e Mënsch richteg ze erféieren. Si liesen am grousse Monsterbuch, datt jiddereen e Grujeli huet a sangen zesummen, fir sech Mutt ze maachen.
headphones

10 min

play_arrow
De Mukami zu Paräis

De Mukami zu Paräis

Elo dann eng nächst Etapp am Mukami sengem Liewen, de Pit a seng Mamm maachen e Weekend zu Paräis an se huelen de Mukami mat an d’Stat vum Eiffeltuerm. Mengt der dat géif da riicht aus goen?
headphones

42 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E06: Leila

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E06: Leila

Endlech ass d'Leila do. Hat kënnt an d'Zëmmer, mee hat ass ganz anescht wéi d'Monsteren et sech et erwaart hunn.
headphones

8 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E05: D'Monstere kréie Besuch

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E05: D'Monstere kréie Besuch

D'Tippy, den Derrick an de Pluto kréie Besuch vun engem zottelege Wiesen, dat hinnen e Kaddo hannerléisst: en Dëppche Stoffi. Elo kann den Derrick en neit Hackabullibräi-Rezept ausprobéieren. Et gëtt nees gekacht.
headphones

7 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E04: Stëmmen

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E04: Stëmmen

Ënnen am klengen Haus am klengen Duerf beim Bopa héieren eis Monsteren ongewinnt Geräischer: e puer Stëmmen an ... souguer e Billen. Wat rumouert do?
headphones

5 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E03: D'Monstere prouwen hiert Lidd

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E03: D'Monstere prouwen hiert Lidd

D'Tippy, den Derrick an de Pluto prouwe weider a sangen hiert Lidd, well nëmmen duerch Sange sammele si den néidege Courage zesummen.
headphones

5 min

play_arrow