Allerhellege wäerten déi meescht vun iech wéinst der Allerhellegevakanz kennen oder als deen Dag wou ee mat der Famill op de Kierfecht geet, wann dat dann de Fall ass. Allerhellegen ass den éischten November an den Dag virdrun. Wat ass dann? Richteg, den 31. Oktober an dat ass Halloween, deen Dag wou mer eis grujelegste Kostümer kënnen aus dem Schaf huelen, eis Horror-Gesiichter kënne molen an d’Leit erschrecken doen. An och de Jos, de klenge Lausbouf, deen der schonn eng Zäitche kennt, gëtt ëmmer benzeg wann et Halloween ass. Mä déi Kéier erlieft de Jos awer seng grujelegsten Halloweennuecht. Dofir lauschter elo ganz gespaant dem Anja Di Bartolomeo seng nei Jos-Aventure a vun der Kannerkëscht-Equipe soe mer Iech: “Happy Halloween!”
Hiweis fir Elteren a Kanner:
An dëser Halloween-Geschicht gëtt et heiansdo grujeleg – mat däischteren Zeenen, komesche Geräischer a spannende Situatiounen. Sensibel Kanner kéint dëst eventuell beonrouegen. Awer keng Suerg: um Enn geet alles gutt aus!