Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Théâtre Grand Ducal: "Unter der Treppe" vum Charles Dyer

"Unter der Treppe" vum Charles Dyer erzielt d’Geschicht vun enger homsexueller Koppel, jee klassesch se kënnen net matenee awer och net ouni.

Dem Hieronymus Bosch säin Ierwe bis 28.05. an der Villa Vauban

Dem Hieronymus Bosch seng Billerwelte si bis haut populär. Dat zum Deel duerch seng Successeuren, déi sech u senge Figuren inspiréiert hunn.

Nei Filmer

Rassewahn, Erënnerungsverméigen, Schöpfungskraaft: déi nei Filmer

Cannes: "The Square"

Dem Ruben Östlund säi véierte Film zu Cannes ass e Mix tëschent Surrealismus, schwaarzer Komedie a moraleschem Dilemma.

All About Identity

Zousätzlech zu sengem traditionelle Salon am Hierscht organiséiert de CAL thematesch Ausstellungen. Den Ablack ass eng am Hollerecher Carré.

De Mike Bourscheid op der Konschtbiennale zu Venedeg.

Dem lëtzebuerger Kënschtler säi Bäitrag zu der 57. internationaler Konschtbiennale vun der Lagunestad.

"Okja" eng Netflix Produktioun

Den südkoreanesche Film huet zu Cannes an der Haaptkompetitioun fir Opreegung gesuergt well e vun der Streamingplattform Netflix finanzéiert gouf.

"Atelier D" reloaded

Eng Plaz fir den Austausch an d’Vermëttlung vu Wëssen, e kreative Labo: den 2. Atelier D huet zu Diddeléng seng Hangar s-Dieren opgemaach.

Utopia - Stol a Molerei an der Schungfabrik zu Käl/Téiteng

Et hëlt een de Minett, Skulpturen aus Stol, Biller mat Südmotiver, e Skulpteur, e Moler, de Jhang Meis a Rol Steimes. Erauskënnt d'Expo Utopia.

Kulturell Evaluatioun: Sënn an Zweck

Duerch eng Evaluatioun kann ee verbesseren, assuréieren oder Decisiounen huele méi liicht maachen. An genee dat ass och an der Kultur méiglech.

Jupiter's Moon kämpft ëm déi gëlle Palm

Den ambitiéisen ungaresche Film vum Kornel Mundruczo suivéiert e Flüchtling mat leviatanesche Kräften.