arrow_back_ios
Kultur
"Atelier D" reloaded
Am Kader vum Festival fir Industriekultur haten zejoert 4 Kënschtler den D-Kollektiv gegrënnt an um fréiere Site vum Diddelénger Walzwierk an enger verloossener Hal den Atelier D opgemaach. 2 Méint laang hu si do op kreativ Aktivitéiten, Diskussiounsronnen, Performancen invitéiert. D’Initiativ ass gutt ukomm, also huet den D-Kollektiv mat Administratioune verhandelt, fir d’Autorisatioun fir en 2. Atelier D ze kréien. Mat Succès. D’Kerstin Thalau war op der Aweiung an der Hal Fondouq.