Kultur
D'Enn vum Siren's Call?
10 min
Dass de Siren’s Call ënnert kengem gudde Stär stoung, konnt een lescht Joer live mat erliewen, wou de Festival net just metaphoresch an d’Waaser gefall war a vill Leit sech iwwert de spéiden Desistement vun der Kim Gordon opgereegt hunn, wärend de Public am Melusina wéi op enger Arche Noah ouni Déieren mä mat ze vill Mënsche stoung. Een Artikel vu Virgule huet fir Opmierksamkeet gesuergt, an deem den Atelier Booker Michel Welter kloer gemengt huet, dass et 2025 eventuell keng Editioun kéint ginn. Ma och där klenger Hoffnung, dass de Festival nawell stattfënnt, wëll d’Ainhoa Achutegui, Direktesch vun Neimënster, keng Chance méi ginn, déi eis verséchert, dass et 2025 kee Siren’s Call wäert ginn. Wisou? Dat verroden iech de Marc Clement an de Jeff Schinker an hirem Bäitrag.
Presentéiert vum
- Jeff Schinker