arrow_back_ios
Kultur
Utopia - Stol a Molerei an der Schungfabrik zu Käl/Téiteng
Et hëlt een de Minett, Skulpturen aus Stol a Biller mat Südmotiver, e Sculpteur an e Moler, de Jhang Meis a Rol Steimes an erauskënnt d'Ausstellung Utopia. An dës Expo ass nach bis den 11. Juni am Centre Culturel Schungfabrik zu Käl-Téiteng ze gesinn. Héichhiewe si kal, d'Siderurgie huet hir grouss Zäiten hannert sech, mä d'Produiten oder d'Séil vun der Eisenindustrie hu bei dësen zwee Artisten nach Sënn an Zweck. De Jean Claude Majerus huet déi zwee Artiste beim Accrochage vun der Expo begéint.