Radioen

On air

Notturno  |  Everything Everything - Choice Mountain

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Prix Pierre Werner-Histoirs d'Art 1992-2017

Mat enger Expo am Ratskeller vum Cercle Cité, an engem Buch kënnt de Christian Mosar op 25 Joer Prix Pierre Werner zeréck.

Tri2pattes

De Komedie-Trio ass dëse Samschdeg an déi zweet Halschent vu senger Saison gestart. De Benefice spende si fir e gudden Zweck.

De Mishka Henner bei den 13. Photomeetings Luxembourg

"Man-made landscapes" sinn déi 13. Photomeetings Luxembourg iwwerschriwwen. An deem Kader weist de belsche Kënschtler nawell troublant Vuen.

Tri2pattes

De Komedie-Trio ass dëse Samschdeg an déi zweet Halschent vu senger Saison gestart. De Benefice spende si fir e gudden Zweck.

Nei Saison am Kasemattentheater

Dei nei Saison am Kasemattentheater huet ugefaangen.

Nei Saison am Kasemattentheater

Dei nei Saison am Kasemattentheater huet ugefaangen.

D'Biergerbühn an déi nei Saison vun ILL

Beim Projet kenne vun Oktober u Kanner a Jugendlecher en Abléck an d'Theateraarbecht kréien. Ee Joer laang schaffe si a Workshopen e Stéck aus, datt dann opgefouert gëtt.

Nei Saison am Théâtre Ouvert Luxembourg

De "choc des différences" am Mëttelpunkt vun der Diskussioun

Net ouni mäi Mohr

Renconter mam Franz Mohr, dee Pianoe gestëmmt huet an ouni deen de Wladimir Horowitz refuséiert huet ze spillen.

"Sixty 8" - de neien Documentaire vum Andy Bausch

Dem Andy Bausch säin neien Documentaire "Sixty 8" leeft d'nächst Woch zu Lëtzebuerg un.

Déi franséisch Schrëftstellerin Marie N'Diaye

Op Besuch em Moiesmagazin: eng Laureatin vum Prix Fémina a vum Prix Goncourt

Uwe Timm - Ikarien

De renomméierten däitsche Schrëftsteller huet e neie Roman iwwer d'Hannergrënn vum Rassewahn am Nationalsozialismus publizéiert.

"Sixty 8" - de neien Documentaire vum Andy Bausch

Dem Andy Bausch säin neien Documentaire "Sixty 8" leeft d'nächst Woch zu Lëtzebuerg un.

Red Bridge Project

Tëscht dem 15. September 2017 an dem 5. Mee 2018 gëtt am Mudam, der Philharmonie an dem Groussen Theater de "Red Bridge Project" presentéiert.

Red Bridge Project

Tëscht dem 15. September 2017 an dem 5. Mee 2018 gëtt am Mudam, der Philharmonie an dem Groussen Theater de "Red Bridge Project" presentéiert.

Uwe Timm - Ikarien

De renomméierten däitsche Schrëftsteller huet e neie Roman iwwer d'Hannergrënn vum Rassewahn am Nationalsozialismus publizéiert.

"Into the ocean" an der Buerg

2 griichesch Kënschtlerinnen hunn hier Residenz an der Buerg dozou genotzt, nei kënschtleresch Weeër ze goen an de Kapp fräi ze kréien.