arrow_back_ios
Kultur
Déi franséisch Schrëftstellerin Marie N'Diaye
Op Invitatioun vum Institut Pierre Werner war déi franséisch Schrëftstellerin Marie N'Diaye zu Lëtzebuerg. Hiren Text "Délivrance", eng theatralesch Performance, gouf an der Abtei Neimënster opgefouert. E Stéck, dat mat sengem puristesche Bühnebild a senger räicher an dichter Sprooch iwwerzeege konnt. D'Marie N'Diaye war haut och Invitée am Moiesmagazin um Radio 100,7. D'Valerija Berdi huet sech mat hir ënnerhalen.