Kultur
Prix Pierre Werner-Histoirs d'Art 1992-2017
"Prix Pierre Werner-Histoires d'Art 1992-2017" ass d'Iwwerschrëft vun enger Ausstellung am Ratskeller vum Cercle Cité, an och vun engem Buch, mat deem de Commissaire Christian Mosar op dëse Konschtpräis, a virun allem op säi Kontext, ze schwätze kënnt. De Präis gouf, zäitgläich mat der Entstehung vum MUDAM, a e puer Jore virum Kulturjoer 1995 vum Kulturministère an d'Liewe geruff. De Christian Mosar, deen d'Expo an d'Buch am Optrag vun der Stad Lëtzebuerg, awer och vum Cercle Artistique du Luxembourg, en vue vun deem sengem zukünftegen 125. Gebuertsdag op d'Bee gestallt huet, beschreift ënner anerem d'Evolutioun vun der Lëtzebuerger Konschtzeen um Mikro vum Nathalie Bender.