Radioen

On air

Tockcity  |  The Horrors - More Than Life

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

An de Rotondë "feste Buedem" ënner de Féiss hunn

De Kënschtler Guillaume Barborini bezitt mat einfachen Interaktiounen, duerch déi Zeechnungen, Videoen, Skulpturen entstinn, Positioun.

Literatur-Connectioun Lëtzebuerg-Bulgarien

Um Migratiounsfestival geet et och ëm Lëtzebuerger Literatur op bulgaresch, mee net nëmmen ...

Filmkritik: Horse Girl vum Jeff Baena

D'Geflüsters mam Päerd hëlleft dësem Meedchen net méi weider.

Literatur-Connectioun Lëtzebuerg-Bulgarien

Um Migratiounsfestival geet et och ëm Lëtzebuerger Literatur op bulgaresch, mee net nëmmen ...

D'Maueren an der europäescher Literatur

En Europa ouni Grenze gëtt dacks als Virdeel vun der Europäescher Unioun gesinn. Mee an der Literatur weist sech: Et ginn nach ëmmer Maueren tëschent de Länner.

D'Maueren an der europäescher Literatur

En Europa ouni Grenze gëtt dacks als Virdeel vun der Europäescher Unioun gesinn. Mee an der Literatur weist sech: Et ginn nach ëmmer Maueren tëschent de Länner.

Filmkritik: Horse Girl vum Jeff Baena

D'Geflüsters mam Päerd hëlleft dësem Meedchen net méi weider.

D'Favoritten vum International Film Festival Rotterdam

Iwwer 40 vun am Ganze bal 250 Filmer gesinn - dofir elo d'Top 3 vum Filmfestival zu Rotterdam.

Filmkritik: Matthias et Maxime

Ëm Léift a sexuell Identitéit geet et am neie Film vum Xavier Dolan. Dee jonke mee erfuerene kanadesche Realisateur spillt selwer eng vun den Haaptrollen.

D'Favoritten vum International Film Festival Rotterdam

Iwwer 40 vun am Ganze bal 250 Filmer gesinn - dofir elo d'Top 3 vum Filmfestival zu Rotterdam.

D'Triennials si lass

Am Virfeld vun der fënnefter Triennale jeune création weisen aktuell fréier Participanten an de Rotonden, wou si kënschtleresch haut dru sinn.

D'Triennials si lass

Am Virfeld vun der fënnefter Triennale jeune création weisen aktuell fréier Participanten an de Rotonden, wou si kënschtleresch haut dru sinn.

Filmkritik: Matthias et Maxime

Ëm Léift a sexuell Identitéit geet et am neie Film vum Xavier Dolan. Dee jonke mee erfuerene kanadesche Realisateur spillt selwer eng vun den Haaptrollen.

Virun 20 Joer koum de leschte Peanuts-Comic eraus

De Charles M. Schulz hat seng Comicfigure "Li'l Folks" gedeeft a war säi Liewe laang onglécklech doriwwer, datt "Peanuts" duerchgeboxt gouf.

D'Fotografin Véronique Kolber als Locationscout fir e fiktive Film

Tëscht 2003 an 2011 ass d'Fotografin Véronique Kolber regelméisseg an d'USA gereest; hier Fotoe vun deemools kommen elo zum Asaz.

Klassekämpf a Frankräich

Trotz soziale Revolten: a Frankräich stellt kaum ee méi déi negativ Roll vum Euro a Fro, sou den Emmanuel Todd a sengem Essai "Les Luttes de classes en France au XXIe siècle".

Klassekämpf a Frankräich

Trotz soziale Revolten: a Frankräich stellt kaum ee méi déi negativ Roll vum Euro a Fro, sou den Emmanuel Todd a sengem Essai "Les Luttes de classes en France au XXIe siècle".

Virun 20 Joer koum de leschte Peanuts-Comic eraus

De Charles M. Schulz hat seng Comicfigure "Li'l Folks" gedeeft a war säi Liewe laang onglécklech doriwwer, datt "Peanuts" duerchgeboxt gouf.

Spuenesch Barockkonscht am MNHA

Mat enger Expo wëllt d'Ekipp vum MNHA um Fëschmaart dofir suergen, datt eng Rei spuenesch Barockkënschtler eng nei Opmierksamkeet kréien.

D'Presentatioun vum 10. Luxembourg City Film Festival

Happy birthday, Luxembourg City Film Festival