arrow_back_ios
Kultur
D'Triennials si lass
"Brave New World Order": ënner dësem Titel geet Enn Juni déi fënneft "Triennale jeune création" an de Rotonden op. E bësse fréi fir iwwer dës Ausstellung ze schwätzen? Ma, vu datt et déi fënneft Triennale ass, hunn d'Organisateuren decidéiert, dem Public am Virfeld mat der Aktioun "Triennials" ze weisen, wou verschidde fréier Participanten kënschtleresch esou dru sinn. Den 13. Februar war de Vernissage vun "Triennials". Explikatioune vum Kerstin Thalau.