Kultur
Klassekämpf a Frankräich
D'Traditioun vun der sozialer Revolt gëtt a Frankräich weiderhi gefleegt, wéi d'Beispill vun de Gilets jaunes androcksvoll bewisen huet, konstatéiert de franséische Sozialwëssenschaftler Emmanuel Todd - mat Satisfaktioun. A sengem neien Essai "Les Luttes de classes en France au XXIe siècle" (Seuil) weist hie sech awer erstaunt doriwwer, datt kaum nach een den Euro als eng vun den, senger Meenung no, Haaptursaache vum sozio-ekonomesche Malaise a sengem Land a Fro stellt. De Michel Delage huet dem Emmanuel Todd säi Buch gelies.