
arrow_back_ios
search
search
/ Den Hallwer Néng
Episoden


Op de Spuere vun de Minnenaarbechter
Wéi waren d'Aarbechtskonditiounen an der Schiferminn a wéi gouf de Schifer ofgebaut? D'Guide Dany Schmitz gëtt op enger klenger Visite guidée Erklärungen.

Jurassic Lëtzebuerg: Wat Fossilien eis iwwer d'Vergaangenheet verroden
Wéi kéinten Dinosaurier ausgesinn hunn, a wéi waren d’Liewensbedéngunge virun 180 Millioune Joer hei zu Lëtzebuerg? Op déi Froe ginn d'Paleontologen Dr. Léa Numberger-Thuy an den Dr. Ben Thuy Äntwerten.

D’Geschicht vun der Bofferdings-Brauerei
De Paul Bofferding, deen d’Geschécker vun der Brauerei wärend laange Jore (mat-)geleet huet, erënnert sech am neie Buch “Les Bofferding. Brasseurs à Bascharage.”

Rout Lëns, déi kleng Schwëster vu Belval a Metzeschmelz
Anescht wéi déi zwou aner Industriebroochen, gëtt d’Lentille Terres Rouges net vun engem semi-staatlechen, mee vun engem privaten Acteur entwéckelt.

D'Kanner sinn déi onschëlleg Affer vun de Konflikter
Invité ass de Paul Heber, Responsabele fir d’Communication bei UNICEF Lëtzebuerg

Genuch Energie fir de Wanter?
E Gespréich iwwer Gas a Stroum: Disponibilitéit, Präis, Spuerméiglechkeeten. Invité: Claude Simon, Enovos Letzebuerg

Zéng Bicher vu Jonke fir Kanner a 24 Stonnen
Um éischte Bookathon hunn 30 jonk Kreativer zéng Kannerbicher bannent 24 Stonne gestalt. Wéi wichteg ass d'Liesen an d'Virliese fir kleng Kanner? Dorobber gëtt d'Dr. Simone Mortini vum SNJ Äntwerten.

Wéi e Stellewäert hu Wiederprognosen hautesdaags?
All Joer ginn nei Temperaturrekorder gebrach, an et ginn ëmmer méi Wiederextreemer. Wéi blécke Meteorologen op d'Wiederprognosen a wéi soll medial doriwwer bericht ginn? De Luca Mathias vu Meteolux ass Invité.

Wat bedeit et, héichbegaabt ze sinn?
De Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat héijem Potenzial beréit a begleet Kanner a Jugendlecher mat Héichbegabung, hir Elteren an d'Léierpersonal.

Geliefte Geschichten aus der Regioun festhalen
"Oral History" hëlleft dobäi, d'Geschichtsfuerschung mat perséinleche Erfahrungen, Fotoen an ënnerschiddleche Persapektiven ze ergänzen.

Jérôme Merker: Eleng iwwert den Atlantik
De Jérôme Merker gëtt eis fir den Hallwer Néng Live vun de kanareschen Insel bäigeschalt an de Jean Claude Majerus fillt dann de Bols bei Lëtzebuerger Seegler esou kuerz virum sengem groussen Départ.

"Blëtz" ASBL
Den Hiereschlag ass eng Krankheet an ee Krankheetsbild, dat meeschtens onerwaart a ganz akut optrëtt. Mënschen, déi een Hiereschlag kruten, mussen dacks duerno méintelaang, wann net jorelaan

De Circuit Mansfeld
De Wanderwee vum Grof Mansfeld ass laang Zäit a Vergiessenheet geroden. D’Iwwerreschter vu sengem Schlass mam Numm “La Fontaine” sinn awer vu grousser Bedeitung - och international. Haut um

"Et ass wéi Kiermes am Kapp": ADHS am Erwuessenen Alter
D’Opmierksamkeetsdefizit an Hyperaktivitéitsstéierung (ADHS) gëtt an deene meeschte Fäll schonn als Kand festgestallt. Verschiddene Leit, zemools Fraen, kréien hir ADHS-Diagnos awer dacks eréischt als Erwuessen – oder ni. U wat läit dat?

Op wat muss ee beim Sammele vu Champignonen oppassen?
Déi lescht waarm Deeg an e puer Reendrëpse bidden déi ideal Konditioune fir Champignonen. Mee wat muss ee wëssen, wann ee se sammele geet? Zwee Experte vum Groupe de Recherche Mycologique ginn Äntwerten.

D’Juegd ass op
Zënter enger Woch gi Klappjuegten organiséiert. E Gespréich mam Vize-President vun der Jeeër-Federatioun FSHCL.

Sub umbra alarum
Informatioune ronderëm eng nei Expo am Musée Dräi Eechelen iwwer den Ausbau vun der Festung Lëtzebuerg ënnert den Habsburger an de Joeren 1716 bis 1741.

Cyclo Croc: Eng “Aire de Repos” fir Vëlosfuerer
Iessen, Drénken, Raschten a wann néideg de Vëlo flécken, eng komesch Kombinatioun, ma awer genee dat beschreift de „Cyclo Croc“ zu Biissen.
