"Geschichte vum Duerf" ass e Projet, bei deem mat Hëllef vun 22 Interviewen, bibliographeschen a fotografeschen Dokumenter den historesche Kontext vun der Regioun LEADER West erzielt gëtt. D'Zil ass d'Opwäertung vum klengen immateriellen Ierwen.
D'Natalia Sanchez vun der Kultrun ASBL, d'Sarah Mathieu vum LEADER West an e Schrëftsteller erzielen iwwer dës speziell Method vun der Geschichtsschreiwung.