Den Hallwer Néng
Chrëschtdagsbeliichtung: D'Dosis mécht d'Gëft
21 min
Den Daniel Gliedner ass Liichtberoder am Naturpark Our. Och fir hien ass d'Chrëschtdagsbeliichtung eppes Schéines, mee se soll verantwortungsbewosst agesat ginn. Ze vill grell Luuchten, déi déi ganz Nuecht liichten a blénke kënnen net nëmmen an der Noperschaft fir Sträit suergen, mee sinn och fir d'Déieren- an d'Planzewelt an d'Liichtverschmotzung problematesch. Op wat sollt een oppassen, wann een dobaussen eng flott Ambiance ronderëm d'Feierdeeg schafe wëllt? Dat verréit den Daniel Gliedner am Interview.
Presentéiert vum
- Tessy Steffen Koenig