Hiweis: Vun elo un fannt Dir dës Interviewen ënnert "Moiesstudio".
arrow_back_ios
Den Hallwer Néng
Hiweis
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Christiane Kleer
Episoden

Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest derbäi
Mam Sänger an ESC-Spezilaist Thierry Mersch wëlle mir erausfannen, wat dësen Neiufank fir Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest bedeit.

Musse mir de Wollef fäerten?
Et ginn erëm méi Wëllef - och hei zu Lëtzebuerg. Ass dat e Grond fir ze fäerten? Mir froen no, wéi d’Bauerenzentral an de Mouvement Ecologique dat gesinn.

Wéi kann ee sech géint Dateklau schützen?
D’Zuel vu sougenannte Phishing-Attacken hëlt däitlech zou: Ëmmer méi dacks gëtt probéiert online perséinlech Donnéeën ze klauen. Wat kann een dogéint maachen? Mir froen den Direkter vum House of Cybersecurity.

15 Joer Bitcoin: Wéi zouverlässeg ass d'Cryptowärung mëttlerweil?
Firwat duerchlieft de Cours vum Bitcoin esou vill Héichten an Déiften? A kann een domat rechnen, datt e sech iergendwann stabiliséiert? Mir froen de Crypto-Expert Gilbert Fridgen.

Wéi eng Zukunft fir de Biogas?
De Maurice Molitor mellt sech live aus der Biogasanlag vu Lënster Energie zu Gonnereng.

D'Ateliere vun der APEMH
200 betreit Aarbechtsplaze ginn et zu Betten-op-der-Mess fir Persoune mat intellektueller Beanträchtegung.

Liewe mam Rett-Syndrom
De Jean-Francis Covi huet mat anere betraffenen Elteren eng Associatioun gegrënnt.

Suergen ëm de Beki
Huet déi regional Wärung aus dem Réidener Kanton nach eng Zukunft? De Max Hilbert iwwer méiglech Ausweeër

Live aus dem Sivec Schëffleng
De Recyclingzenter, deen och fir déi Escher, Monnerecher, Suessemer, Dippecher a Reckener Leit do ass, funktionéiert e bëssen anescht, wéi déi aner Recyclingzenteren am Land.

Escher Geschicht(en)
De Lokalhistoriker Christian Müller schwätzt iwwer e Buch, dat fir de 60. Gebuertsdag vun den Escher Geschichtsfrënn erauskoum.

Déierenasyl Gaasperech: En Déier huet och Gefiller a Rechter
Et kënnt ëmmer erëm vir, datt en Hausdéier op emol méi Belaaschtung wéi Freed gëtt, an um Enn steet fir d’Déier dann de Wee an d’Déierenasyl un.

Ekoduerf BENU: Faillite an ofgebrannt - geet et awer virun?
D’Ekoduerf BENU wollt mam gudde Beispill virgoen. Mee elo ass d’ASBL faillite, an en Deel vum Duerf ofgebrannt. Huet den Escher Projet trotzdeem nach eng Zukunft? Mir froen op der Plaz no.

Live vun Iechternach: Hu kleng regional Kinoen eng Zukunft?
De Kino zu Iechternach iwwerlieft just, wa genuch Sue fir en neie Projekter zesummekommen. Wéi grouss ass d’Ënnerstëtzung fir kleng regional Kinoen?

Schoul a Beruff: Wéi ee Wee passt bei mech?
D’Welt gëtt ëmmer méi komplex, an de Lëtzebuerger Schoulsystem och. Wéi soll ee sech do nach erëmfannen? Dat froe mir den Direkter vun der Maison de l’Orientation, déi Ënnerstëtzung um Wee an d’Beruffsliewe bitt.

Wat mécht en Ecrivain public?
D'Annaëlle Simon vun der ASBL Interactions erkläert.
EU Green Deal: Liewen an enger Katastropheregioun
An der Europäescher Unioun gi Strategien entwéckelt, déi sech mat der Preventioun an och der Reduktioun vun de Klimarisike beschäftegen.

Foodsharing: matginn amplaz ewechgeheien
Den Daniel Waxweiler, Matgrënner vu Foodsharing Lëtzebuerg, erkläert d’Konzept.

Verantwortungsvollen Ëmgang mat Alkohol wärend de Feierdeeg
Alkohol ka fir eng labber Atmosphär suergen, mee grad esou kann Alkohol och zum Problem ginn. Besonnesch ronderëm d’Feierdeeg gräife vill Leit méi dacks zum Glas.

Den TABA-Spillsaachebuttek
Am TABA-Spillsaachebuttek kréie Spillsaachen een zweet Liewen
