Den Hallwer Néng
Lëtzebuerg nees beim Eurovision Song Contest derbäi
21 min
Den Eurovision Song Contest oder de Grand Prix d’Eurovision de la chanson, wéi e fréier genannt gouf, ass e Gesangsconcours, deen et schonn zanter 1956 gëtt. E Concours, bei deem Lëtzebuerg vun der éischte Kéier un derbäi war an am Ganzen och fënnef Mol gewonnen huet.
1993 goung eist d’Land mam Pop Duo Modern Times eng leschte Kéier un den Depart, zanterhier war et fäerdeg fir d’Lëtzebuerger ESC-Geschicht.
An elo, 31 Joer duerno, soll déi ESC-Geschicht weidergoen: muer den Owend gëtt an der Rockhal de Lëtzebuerger Song fir Malmö gesicht.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus