Den Hallwer Néng
Déierenasyl Gaasperech: En Déier huet och Gefiller a Rechter
20 min
Erënnert Iech mol selwer en Ament zeréck un Är Kandheet, hutt Dir Iech net och iergendwann en Hond oder eng Kaz gewënscht, an dobäi Ären Eltere versprach, datt Dir Iech ëm d’Déier këmmert, mat em spadséiere gitt, em ze iesse gitt an esou weider.
En Hausdéier brauch virun allem emol Zäit, et ass keen Objet, deen een un an aus maache kann, wann et engem grad passt. Et muss ee sech déi Decisioun ganz gutt iwwerleeën. Et kënnt elo awer ëmmer erëm vir, datt en Hausdéier op emol méi Belaaschtung wéi Freed gëtt, an um Enn steet fir d’Déier dann de Wee an d’Déierenasyl un.
De Jean Claude Majerus ass zu Gaasperech am Déierenasyl, fir sech iwwer d’Situatioun ze informéieren.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus