Radioen

On air

Moiesstudio  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Kapitän Mullebutz an de gëllene Plektrum

De Kapitän Mullebutz an de gëllene Plektrum

headphones

45 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An der Kannerradionuecht hate mir de Kapitän Mullebutz bei eis am Studio op Besuch. Hien ass komm fir eis, a speziell iech, en neit Lidd ze sangen. Et war schonn alles prett, an do koum déi schrecklech Nouvelle: de Kapitän Mullebutz huet säi Liblingsplektrum, e gëllene Plektrum, net méi fonnt. Wat ass geschitt? Wou ass de Plektrum? An do konnt just een hëllefen: dee groussen Hobbydetektiv Bopa Berto. Deen hu mir dunn och ganz séier geruff.
“De Kapitän Mullebutz an de gëllenen Plektrum” ass eng Geschicht vum Dan Tanson an d’Lauschterstéck gouf vum Sam Erpelding realiséiert.
An domat vill Freed beim Nolauschteren!

Episoden

De Kapitän Mullebutz an de gëllene Plektrum

De Kapitän Mullebutz an de gëllene Plektrum

De Kapitän Mullebutz war op Besuch. Hien ass komm fir iech en neit Lidd ze sangen. Et war schonn alles prett, an do koum déi schrecklech Nouvelle: de Kapitän Mullebutz huet säi Liblingsplektrum, e gëllene Plektrum, net méi fonnt. Wat ass geschitt?
headphones

45 min

play_arrow
De Jos an d'Léisegeld fir de Roby Robocat

De Jos an d'Léisegeld fir de Roby Robocat

De Jos, de Bop an de Loulou hate sech jo e Roboter gebaut, de Roby Robocat, an deen ass bal zu engem Deel vun der Famill ginn. Mee elo, et ass schrecklech, de Roby Robocat ass verschwonnen. Gouf e gekidnappt? Et gouf Léisegeld gefrot.
headphones

29 min

play_arrow
Wéi eng Substanz ass et?

Wéi eng Substanz ass et?

Stellt iech emol vir, dir hutt e klengt Dëppche mat engem wäisse Pudder dran, an dir wësst net, wat et ass. Wat da maachen? An eisem Wëssenschaftsstudio vun der Kannerradionuecht hunn d’Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum FNR sech domat beschäftegt.
headphones

8 min

play_arrow
Wat ass eng Geheimschrëft?

Wat ass eng Geheimschrëft?

Am Wëssenschaftsstudio vun der Kannerradionuecht hunn d’Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum Luxemburg National Research Fund, dem FNR, en Experiment gemaach, wou et ëm eppes ganz Geheimes geet, nämlech eng Geheimschrëft.
headphones

7 min

play_arrow
Wéi mécht d’Police hir Enquête?

Wéi mécht d’Police hir Enquête?

An der Kannerradionuecht wollten eis Kannerreporter vum Cycle 4.2 vun Trënteng um Policebureau zu Réimech gewuer ginn, wat d’Aarbecht vun der Police ass, wann eppes geschitt. Wann d’Police dann um “Tatort” ass, wat musse si da maachen?
headphones

7 min

play_arrow
Si Journalisten och Detektiven?

Si Journalisten och Detektiven?

Fir d’Kannerradionuecht hu mir eis d’Fro gestallt, ob Journalisten a Journalistinnen net och e bësse wéi Detektive sinn. An deen, deen eis do wuel am beschte Ried an Äntwert stoe konnt, ass de Chefredakter vum radio 100,7, de Jean-Claude Franck.
headphones

7 min

play_arrow
Muppen eng wichteg Hëllef fir d’Police

Muppen eng wichteg Hëllef fir d’Police

An der Kannerradionuecht waren eis Kannerreporter aus dem Cycle 3.1 vu Kielen mat hirer Joffer Véronique Maas bei engem ganz spezielle Service vun der Police, an zwar bei der Hondsstaffel.
headphones

6 min

play_arrow
Wëssenschaftler an Detektiven

Wëssenschaftler an Detektiven

D'Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum FNR hunn dem Jean Claude, passend zum Theema vun der Kannerradionuecht, erkläert, datt Wëssenschaftler a Wëssenschaft guer net esou wäit ewech vun Detektiven a Kriminologie sinn.
headphones

7 min

play_arrow
D’Pechschwéngchen an dem Sami seng Nëss

D’Pechschwéngchen an dem Sami seng Nëss

Esou schlëmm et och ass, mee d’Kaweechelche Sami hat d’Nëss gesammelt, fir am Wanter genuch ze iessen ze hunn. An elo op emol sinn déi Nëss net méi do. Wou si se? Huet ee se geklaut? A wie war et?
headphones

7 min

play_arrow
De Kannerradionuechtsong: Gangster a Ganouven

De Kannerradionuechtsong: Gangster a Ganouven

Fir d’Kannerradionuecht hu mir och dëst Joer e Lëtzebuerger Artist gefrot e Kannerradionuechtsong ze schreiwen. De John Wolter huet sech der Saach ugeholl an erauskoum de Song: “Gangster a Ganouven”, passend zum Theema vun der Kannerradionuecht.
headphones

9 min

play_arrow
D’Adventszäit fänkt un

D’Adventszäit fänkt un

Mir steiere lues awer sécher op Chrëschtdag duer, an datkënnt dir jo och schonn dobausse gesinn, well vill Stied an Dierfer hu schoLuuchten eraus gehaange fir eis all an déi richteg Stëmmung ze bréngen.
headphones

6 min

play_arrow
Déi kleng Spréiw bei der Eil Elodie

Déi kleng Spréiw bei der Eil Elodie

D'Spréiwi huet sech de Flillek getéitscht a kann net mat den anere Spréiwen an de Süde fléien. Wat soll hatt dann elo maachen? Vläit kann d'Eil Elodie hier hëllefen ...
headphones

8 min

play_arrow
D'Kaweechelche Wuschi an déi geckeg Noss

D'Kaweechelche Wuschi an déi geckeg Noss

D'Kaweechelche Wuschi huet e Koup Nëss gesammelt a wier u sech prett an de Wanterschlof ze goen. Mee do gëtt et déi eng Noss, déi sech einfach net fänke léisst ...
headphones

7 min

play_arrow
De Mukami an Halloween

De Mukami an Halloween

Et ginn zwee Deeg am Joer, déi de Pit besonnesch gären huet, dat ass Chrëschtdag an Halloween.
headphones

27 min

play_arrow
Den Dausendbéngchen an d'Sanni-Spann

Den Dausendbéngchen an d'Sanni-Spann

Den Dausendbéngchen ass gehäit. Hien ass vill dorëmmer gereest an elo huet hien seng dausend Féiss wéi. Hien brauch elo onbedéngt Schong!
headphones

12 min

play_arrow
Summerorchester am Beetebuerger Park

Summerorchester am Beetebuerger Park

Dem Heesprénger säi Bou ass futtigaangen. Elo kann hie keng Gei méi mat senge Kolleegen am Beetebuerger Park spillen ... Mee brauch hie wierklech säi Bou, fir kënne Musek ze maachen?
headphones

6 min

play_arrow
De Jos an de King Gangsta Buba Ti

De Jos an de King Gangsta Buba Ti

De Summer ass jo dacks och Zäit, an där Musiksfestivaller oder ganz speziell Concerten organiséiert ginn. Abee, dat ass an dëser neier Geschicht vum Jos net anescht.
headphones

34 min

play_arrow
De Mukami geet op d’Plage

De Mukami geet op d’Plage

Och fir de Mukami an de Pit ass elo Vakanz, obschonn de Mukami net richteg weess, wat esou eng Vakanz iwwerhaapt ass.
headphones

21 min

play_arrow
De Singsang an dat pickegt Déier

De Singsang an dat pickegt Déier

De Singsang huet déi schéinste Stëmm vun alle Villercher. Zoufälleg begéint hien engem komeschen Déier mat Picken um Réck. Wat kéint dat fir en Déier sinn?
headphones

8 min

play_arrow
De Joé op der Méiw

De Joé op der Méiw

De Joé ass an der Vakanz um Mier a léiert eng Méiw kennen, déi seng Hëllef brauch. Ganz erstaunt wëllegt hien an a flitt mat der Méiw an den Himmel. Kann dee klenge Jong hier wierklech hëllefen?
headphones

10 min

play_arrow