Kannerkëscht
De Kleesche kënnt!
12 min
Vill Kanner hunn oder wäerten an der gudder Stuff neit Spillgezei an e gutt gefëllten Teller fonnt hunn, oder fir déi manner brav ënner eis gouf et och vläicht eng Rutt. Abee, dem Kleesche seng Aarbecht fir dëst Joer ass elo gemaach. Mee fir e bekannte Sproch aus dem Fussball ze huelen: "No Niklosdag ass virun Niklosdag": haut ginn d'Preparatioune fir Niklosdag 2025 schonn un.
De Jean Claude Majerus erzielt iech haut an der Kannerkëscht, wou dee Brauch mam Kleeschen iwwerhaapt hierkënnt. An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!