Kultur
“J’existe“
6 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/225060/image-thumb__225060__base_thumbnail/Kultur_Template_Generic_2024.f5174ed7.jpg)
Leschte Samschdeg (16.11.) huet d’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen.
Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d’Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
click and collect!
E Versuch a Frankräich d'Librairien ze retten, deen awer net sou richteg klappe wëllt.
![Seriekritik: "The Queen's Gambit"](/legacy/images/33248/image-thumb__33248__base_thumbnail/THE%20QUEEN%27S%20GAMBIT%20%28L%20to%20R%29%20ANYA%20TAYLOR%20as%20BETH%20HARMON%20in%20THE%20QUEEN%27S%20GAMBIT.ea32ab08.jpg)
Seriekritik: "The Queen's Gambit"
E jonkt Meedchen entwéckelt sech zu engem Schachgenie. Kuckenswäert Miniserie vun Netflix, an där de Schachsport iwwerzeegend duergestallt gëtt.
![Ingo Schulze am Gespréich](/legacy/images/33218/image-thumb__33218__base_thumbnail/ingo%20schulze.c346b767.jpg)
Ingo Schulze am Gespréich
Den däitsche Schrëftsteller iwwer säin neit Buch, säi Liewen an de Bléck op Däitschland, virum an nom Mauerfall.
![Filmkritik: "Bronx"](/legacy/images/33173/image-thumb__33173__base_thumbnail/Bronx.c3d1e134.jpg)
Filmkritik: "Bronx"
Knëppelhaarde Police- a Gangsterfilm vum Olivier Marchal. Net originell fir zwee Sou, mee gutt gemaach a gutt gespillt. Op Netflix ze gesinn.
Covid-19 a säin Afloss op d'Lëtzebuerger Filmproduktioun
De Luxembourg City Film Festival hat d'Auswierkunge vum Coronavirus direkt ze spiere kritt an och d'Filmproduktioun selwer. E Gespréich mam Guy Daleiden
![Neit Heft vun der "Hémecht"](/legacy/images/33092/image-thumb__33092__base_thumbnail/H%C3%A9mecht.792a44a0.jpg)
Neit Heft vun der "Hémecht"
Och wa se net méi bei Saint-Paul gedréckt a publizéiert gëtt: d'Hémecht, d'Zäitschrëft fir Lëtzebuerger Geschicht, existéiert weider.
Ingo Schulze - Die rechtschaffenden Mörder
Wéi aus engem passionéierte Libraire e Mënschenhaasser gëtt ...
National an internatinal Projeten fir Esch 2022
D'Evaluatioun vun "Appel à projets" ass ofgeschloss. Wéi eng Projeten ginn um Site Belval realiséiert?
![3 du Trois: Den Danz geet weider](/legacy/images/33014/image-thumb__33014__base_thumbnail/image%281%29.b6129d4a.jpg)