arrow_back_ios
Kultur
Iwwerreechung vum Prix Servais
De Francis Kirps krut Mëttwoch den Owend am Mierscher CNL dee mat 6.000 Euro dotéierte Präis iwwerreecht. Ausgezeechent gëtt hie fir säi Buch "Die Mutationen. 7 Geschichten & ein Gedicht" (Hydre Editions). Wéinst dem CovidVirus huet d'Soirée am Nationale Literaturzenter zu Miersch am klenge Comité missten ofgehale ginn, den interesséierte Public konnt dat Ganzt am Live-Stream suivéieren. E Bäitrag vum Michel Delage.