Kultur
Sandra Gugic
Wat heescht et, aus engem Land ze kommen, dat et net méi gëtt? D'Famill Banadinovic, Awanderer aus dem fréiere Jugoslawie lieft zu Wien. Wéi erliewen déi eenzel Familljememberen den Zerfall an d'Kricher an hirer Heemecht? Wéi gi si mat der Existenz an engem frieme Land eens?
Déi éisträichesch Schrëftstellerin Sandra Gugic huet serbesch Wuerzelen an an hirem Roman "Zorn und Stille", deen op der Shortlist fir den Däitsche Buchpräis stoung, erzielt si eng dramatesch an nodenklech Geschicht aus der Perspektiv vun de verschiddene Generatiounen. D'Valerija Berdi huet mat der Sandra Gugic, déi op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg war, iwwer hire Roman geschwat.