Den Dausendbéngchen ass gehäit. Hien ass vill dorëmmer gereest an elo huet hien seng dausend Féiss wéi. Hien brauch elo onbedéngt Schong!
“Den Dausendbéngchen an d'Sanni-Spann” ass eng Geschicht aus dem Buch “12 Gutt-Nuecht-Geschichten” vun der Sonja Bintener, erauskomm bei Éditions Phi. Illustréiert vun der Snejana Granatkina. Gelies vum Martine Anne Breisch a realiséiert vum Fränz Hausemer fir de radio 100,7.