Fir d'éischt erkläre mer iech, wou dat Fest Halloween hierkënnt. Ee Fest, wat och an eise Géigenden ëmmer méi um Owend virun Allerhellege gefeiert gëtt.
Wann d'Kanner dann a Geeschterkostümer, oder soss grujeleg verkleet, vun Haus zu Haus lafen a Séissegkeete wëllen.
Dono dann ass et um Jos, an d'Anja erzielt iech wéi de Jos Halloween feiert, well hien dat Fest immens gären huet. Et kënnt awer dacks anescht, wéi ee mengt.