arrow_back_ios

Physik ass relax

100komma7.lu / Physik ass relax

/ Tëschestopp Moundbasis

Tëschestopp Moundbasis

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

13 min

Zweck vun de villen Expeditiounen op de Mound an de leschte Joren ass et eng Moundbasis ze bauen, op där och Mënsche liewe kéinten. Wou kéint déi opgeriicht ginn? Gëtt et Waasser um Mound? Alles fir d’Iwwerliewe muss kënnen do produzéiert ginn. D’Unzéiungskraaft um Mound ass sechsmol méi kleng wéi déi op der Äerd. Wéi eng Auswierkungen huet dat op de Mënsch?

D'Uewerfläch vum Mound ass vu Regolith, engem renge Stëbs, iwwerdeckt. Wéi eng Auswierkungen huet dat op de Mënsch? Am LUNA Laboratoire zu Köln sollen Astronauten un déi nei Bedéngunge gewinnt a Material getest ginn. Wéi wäit ass kosmesch Stralung e Problem fir Infrastruktur a Mënsch? Et ginn Äntwerte mat der Physikerin Carol Eicher.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden