Den Eisebunner-Syndikat Syprolux ass eng vun de leschte Gewerkschaften am Land, déi sech op ee Secteur konzentréieren. Mee huet dee Modell eng Zukunft? De Rick Mertens freet d'Presidentin vum Syprolux.
arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Mylène Bianchy
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Paul Schmit
Mam President vun der Gesondheetskeess geet et ëm Remboursementer, d'Reform vun der Fleegeversécherung an déi finanziell Zukunft vun der CNS.
Tom Bellion
Den Direkter vum "Luxembourg City Tourist Office" schwätzt iwwert Stad Lëtzebuerg am Kader vum nationalen Tourismuskonzept.
Roland Junck
De fréiere Generaldirekter vun Arcelor-Mittal kommentéiert säin neien Job als President vu British Steel an d’Entwécklungen um Marché.
Josiane Willems
D'Direktesch vun der Bauerenzentral schwätzt iwwert d'Problemer an d'Zukunft vun der konventioneller Landwirtschaft.
Yves Elsen
Den neie President vum “Conseil de gouvernance” vun der Uni Lëtzebuerg am Gespréich.
Catherine Boisanté
D'Aktualitéit am Spidolswiesen an de staatlech a kommunale "Centre hospitalier" sinn Themen, déi mat der medezinescher Direktesch vum CHL disktuéiert ginn.
Salim Levent Sahinkaya
Nom gescheiterte Putschversuch an der Tierkei kommentéiert den tierkeschen Ambassadeur d'Situatioun an der Tierkei an d’Relatioune mam Ausland.
Ramzi Kassem
De Jurist a Professer ass Co-Auteur vun engem Rapport iwwert d'Anti-Terrorismus Mesuren a Frankräich. Dem Rapport no sinn dës "mënscherechtsfeindlech".
Paul Bressler, President vun der APEG
De Beruffsverband vun de Sozialpädagoge fuerdert d’Ofschafe vun Iwwergangsbestëmmungen, déi an der Reform vun der Fonction publique festgeluecht goufen.
Emile Eicher
De President vum Syvicol an CSV-Deputéierten am Gespréich iwwert de Gesetzprojet iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabriken.
Jean-Christophe Burkel a Gontran Poirot
6zero1 ass deen neien “incubateur pour entrepreneurs sociaux”, dee Betribsgrënner mat ekonomeschen Aktivitéiten am soziale Beräich begleet.
Romain Pauly
Den Direkter vum Centre Thérapeutique vu Manternach iwwert d’Betreiung vun Drogenofhängegen an d’Evolutioun vum Drogephänomen.
Vincent Theis
Den Direkter vum Prisong zu Schraasseg kommentéiert ënnert anerem de Phänomen vun der Radikaliséierung an d'Prisongs-Reform.
Robert Scharfe
De Generaldirekter vun der Bourse warnt, datt mam Brexit vill Kapital d'EU verléisst.
Vincent Hein
Zanter 2005 si méi wéi 200.000 Leit an d'Land komm an 110.000 hu Lëtzebuerg verlooss. Kommen déi meescht fir nees ze goen?
Leo Wagener
D'Kierchefabrike ginn ofgeschaaft. De Generalvikar diskutéiert iwwert deen neie Gesetzprojet, dee leschte Freideg presentéiert gouf.
Jean-Louis Margue
Haut ginn d'Olympesch Spiller vu Rio un, mat méi wéi 10.000 Athleten a virum Hannergrond vu Negativmeldungen. E Gespréich mam Vize-President vum COSL.
Yves Boden
Am Juli gouf se gestëmmt, mee wat ännert duerch d'Konventioun mam Staat fir d'Muslimen zu Lëtzebuerg? Doriwwer geet Rieds mam Yves Boden vun der Shoura.

Georges Engel
Wéi en Impakt huet den ëmstriddene Contournement vun Nidderkäerjeng op d’Populatioun vu Suessem? Doriwwer diskutéiert de Buergermeeschter vu Suessem.
